Ierpeldeng plangt e Referendum am November. D’Fro un d’Bierger:inne soll sinn: “Ënnerstëtzt Dir d'Decisioun vum Ierpeldenger Gemengerot d'Sondéierungsgespréicher fir eng eventuell Fusioun mat de Gemengen Dikrech, Ettelbréck a Schieren weiderzeféieren?”
Dës Woch kënnen déi kleng Basketspiller:innen zu Diddeleng eppes vun deene groussen - nämlech dem FC Barcelona - ofkucken. Zanter e Méindeg an nach bis e Freideg fënnt dee sougenannte Barça Camp statt.
Vum 25. Juli bis de 17. August ass dëst Joer de Congé Collectif fir Entreprisen am Bâtiment a Génie Civil. Et goufen och nees e puer Derogatiounen, wéi d’ITM, d'Inspection du Travail et des Mines mellt. D'Ausname betreffen ënner anerem de Chantier beim Viadukt Mënsbech Richtung Tréier.
Mir froen d'Altynaï Bidaubayle vun der Ëmwelt-ONG op esou eng Klo denkbar ass, nodeems den Internationale Geriichtshaff e richtungsweisenden Avis zum Theema virgeluecht huet.