Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Een Dag an der Bësch-Crèche
    Kanner tëschent 18 Méint a 4 Joer, déi an der Crèche Krunnemécken zu Wëntreng am Bëschgrupp sinn, sinn dat ganzt Joer iwwer gréisstendeels dobaussen. 2-3 mol d’Joer ass Bëschwoch. D’Sté Bisenius war een Dag mat an de Wichtel-Bësch tëschent dem Scheierbierg an der Musel.
    6 min
  • D'Apdikt am Gaart
    D'Kraiderpedagogin Carole Streff bitt Wanderungen a Workshoppe ronderëm d'Kraiderwelt doheem an an der Natur un. Och op der Terrass vum 100,7 fënnt een allerlee Planzen, déi ee kann an der Kichen oder Apdikt notzen.
    15 min
  • Photovoltaikanlagen optimiséieren
    D'Gréisst vun der Photovoltaikanlag soll un de Besoine vum Stot an de geplangte Keef vu Wäermepompelen oder Elektroautoen adaptéiert sinn, fir d'Autoconsommatioun ze favoriséieren.
    5 min
  • Mobille Staudamm
    D'Stad Déifferdeng huet elo ee mobille Staudamm, dee verhënnere soll, datt d'Leit an engem Eck vum Quartier Fousbann no Staarkreen ëmmer nees d'Kelleren ënner Waasser hunn.
    8 min
  • Wäibaudesch

    No der Reunioun vun der Regierung mat Vertrieder vum Secteur gëschter: Froen un de Josy Gloden, de President vun der Vinsmoselle

    9 min
  • Frankräich: Petitioun géint d’Loi Duplomb
    Den 8. Juli gouf an der franséischer Assemblée Nationale d’Loi Duplomb votéiert mat de Stëmme vun der Regierung an der Droite. A géint de Widderstand vun de lénke Parteien an den Ekologisten. D’Gesetz ass eng Äntwert op d’Bauereprotester a gesäit ënner anerem vir, datt e verbuedene Pestizid nees dierf agesat ginn. Eng Petitioun géint d’Gesetz gouf lancéiert an huet bis elo 1,5 Milliounen Ënnerschrëfte kritt - genuch fir den Debat an der Assemblée nees ze lancéieren. Wat sinn déi potentiell Riske vum Gesetz, wien opposéiert sech a wéi geet et elo weider, doriwwer schwätze mir mat eisem Paräisser Korrespondent Max Tholl.
    5 min
  • Tour de France

    Lescht Woch vum Tour de France: Mat wat ass nach déi nächst Woch ze rechnen? A wien ass Favorit? Mir zéien een Tëschebilan mam Lëtzebuerger Cyclist an Expert Kevin Geniets.

    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag