Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Summervakanz
    Nom Secondaire war de 15. Juli och dee leschte Schouldag am Fondamental. Wat kann een alles an der grousser Vakanz maachen? Mir hu beim SNJ nogefrot.
    3 min
  • Fräiliichttheater Groussbus
    "Bei der Däiwel" huet de Jemp Schuster d’Stéck genannt, dat hien dëst Joer fir de Fräiliichttheater zu Groussbus geschriwwen an inzenéiert huet. Den Owend ass Première.
    4 min
  • Patriotsystemer fir d'Ukrain
    Ass et e Revirement an der US-amerikanescher Haltung - also der Positioun vun der Trump-Administratioun - am Ukrainkrich oder net? Op jidde Fall huet déi rezent Annonce vum Donald Trump der Ukrain massiv Waffe wëllen ze liwweren, fir eng gewëss Iwwerraschung gesuergt. Mee den US-President schéngt agacéiert ze sinn: “De Putin schwätzt léif an da bombardéiert en owes jiddereen: Dat gefält mer net” soll den Trump gesot hunn. 50 Deeg géif hien de Russen elo Zäit gi fir zu engem Accord iwwer en Enn vu Krich ze kommen: wann dat net geléngt, géif hien Importer aus Russland an aus Russland-frëndleche Staate mat 100 Prozent taxéieren.
    Deen däitsche Militärexpert Carlo Masala gleeft awer net drun, datt d'Positioun vun den USA zum Krich an der Ukrain dauerhaft geännert huet.
    4 min
  • Vu Prabbelien a Lëtzebuerger Spezialitéiten
    Haut ass de 4. a leschten Dag vun der Visitte vun der Lëtzebuerger Delegatioun rondrëm den Ierfgroussherzog Guillaume an der Ministesch fir Digitalisatioun, Héichschoul a Recherche, Stéphanie Obertin, zu Osaka op der Weltexpo 2025. Wat fir Impressiounen sinn hänke bliwwen?
    7 min
  • Franséisch Budgetspläng
    Bal 44 Milliarde sollen agespuert ginn - deelweis mat ëmstriddene Mesuren. D‘Oppositiounsparteien hu schonn e Mësstrauensvott an Aussicht gestallt.
    5 min
  • Nohaltegkeet: Wéi een Invest lount sech?
    Sech als Betrib méi nohalteg opstellen - dat ass fir vill Zorten Entreprisë mëttlerweil interessant, well de Prinzip ass mëttlerweil kee Luxus méi, wéi eng ganz Rëtsch u Reglementatioune weisen. D'Sabrina Kohn vum House of Sustainability beréit Entreprisen an deem Sënn an äntwert op eis Froen.
    14 min
  • En nohaltege Camping
    Virun allem owes virun der Iessenszäit gëtt op engem Camping vill Stroum a Waasser verbraucht. Datt et awer geet e Camping ganz ëmweltschounend ze bedreiwen an datt dat gläichzäiteg och aner Virdeeler huet, weist dem Ian Vermeulen säi Camping am Norde vum Land. De Jo Welfringer war dohin an huet sech dat Ganzt ugekuckt.
    5 min
  • World University Games
    Bei deem grousse Multisport-Event fir Studenten (bis de 27. Juli an der Rhein-Ruhr-Regioun) sinn och 7 Lëtzebuerger Athleetinnen an Athleeten derbäi.
    3 min
  • D’Piratepartei a “finanziell schwiereger Situatioun”
    Ee Joer ass et haut hier, datt de Ben Polidori d’Piratepartei wéinst internen Divergenze verlooss huet. Zënter dem September ass den Norddeputéierten Deel vun der LSAP-Fraktioun an der Chamber.
    Mam Ben Polidori inclus hätte bannent 12 Méint sechs gewielte Vertrieder:innen der Piratepartei de Réck gedréit, huet d’Koordinatiounsteam eis op Nofro hi matgedeelt. Am Total wiere ronn 25 Memberen ausgetrueden. Donieft huet d’Piratepartei finanziell Problemer: Si géif awer “politesch komplett handlungsfäeg” bleiwen, esou d’Koordinatiounsteam.
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag