Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Interview mam Carlo Masala
    Den däitsche Militärexpert iwwer säi Buch "Wenn Russland gewinnt", an deem hien e Zenario entwéckelt, wat am Fall vun enger russescher Victoire géint d'Ukrain kéint geschéien.
    15 min
  • Alles op de Vëlo
    Den Depart vum Vëlosummer gouf gëschter zu Miersch agelaut. Fir dëst Joer si 14 Parcoursen iwwer d'ganzt Land geplangt. Déi Strecke bleiwen op verschidde Weekender autofräi.
    11 min
  • Wéi eescht muss Russland déi neisten Drounge vum US-President huelen?
    D’Relatiounen tëschent den USA a Russland sinn an de leschte Wochen nees däitlech ofgekillt. No sengem Amtsuntrëtt am Januar hat den US-President Donald Trump e séiert Enn vum Ukrainkrich versprach an d’Dieren a Richtung Russland wäit opgemaach, fir nees Geschäfter matenee kënnen ze maachen. Déi Zäite sinn nees eriwwer. De Wladimir Putin huet dem Trump senge Fuerderungen no enger Wafferou an der Ukrain net noginn, an elo stinn d’Zeechen nees op Konflikt. Ufank dëser Woch huet den US-President am Wäissen Haus nei Sanktioune géint Moskau ugedrot. Wann de Kreml bannent den nächste 50 Deeg kee Verhandlungsdeal mat der Ukrain sollt agoen, kéinte bis zu 100 Prozent op den Douanestaxen op russeschen Importer dropgeschloe ginn. An - an dat kéint Russland méi haart treffen - déi 100 Prozent sollten och gëlle fir Handelspartner, déi weiderhin a groussem Stil russesch Produite kafen, virop Pëtrol a Gas. Ginn déi Menacen duer, fir datt Russland tatsächlech nogëtt? Eng Aschätzung vun der fräier Journalistin Inna Hartwich, déi mat hirer Famill zu Moskau lieft.
    6 min
  • Méi oder manner Sue fir d'Baueren: Froen un de Christophe Hansen
    Op zwou Billiounen Euro soll e sech also belafen - deen neien EU-Budget, deen e Mëttwoch vun der Europäescher Kommissioun fir d’Joren 2028 bis 2034 proposéiert gouf. Ganz ëmstridde sinn dobäi d’Ännerungen, déi Bréissel fir den Agrarbudget virschléit. Mir froen den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen, ob d'Bauere sech drop verloosse kënnen, dat si net de Kierzeren zéien.
    11 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag