Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wa Stied an Dierfer ënner der Hëtzt leiden
    Op enger Plaz aus Steen a Makadamm sinn am Summer d'Temperaturen dacks erschreckend méi héich wéi ënner engem Prabbeli aus Beem. De Mouvement écologique rifft dozou op, ofzekillen. Mir schwätzen iwwer méiglech Mesurë mat der Claire Wolff, Responsabel fir d'Biodiversitéit bei der Ëmwelt-ONG.
    13 min
  • Tour de France
    Hallefzäit am Tour de France: Mat wat ass nach déi nächst zwou Wochen ze rechnen? A wien ass Favorit? Mir zéien een Tëschebilan mam Lëtzebuerger Cyclist an Expert Alex Kirsch.
    7 min
  • Japan
    D’Weltausstellung zu Osaka ass elo an der Hallschent ukomm an de Lëtzebuerger Pavillon wier ee vun de beléiftsten - wann een de Responsabelen op der Plaz gleeft.
    5 min
  • Autosaccidenter
    Op eise Stroosse sinn d’lescht Joer manner Leit gestuerwe wéi dat Joer virdrun. 18 Doudesaffer waren et 2024 - an deenen zwielef Méint virdru waren et der 8 méi, also 26. Et koum och zu manner Schwéierblesséierten. Déi Zuele ginn aus dem definitive Bilan vum zoustännege Ministère ervir, deen d’lescht Woch erauskoum. Fir d’Association des victimes de la route ass dat zwar berouegend, an awer géif et kee Grond fir sech ze freeën, soulaang wéi hei am Land ëmmer nach Auto-, Vëlosfuerer oder Foussgänger stierwen. All Affer op eise Stroossen ass eent ze vill, déi Devise vun der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes ënnerschreift och de Michaël Federici, Chargé de direction bei der AVR. Trotzdeem ass hie frou, datt d’Tendenz vun de schwéieren Accidenter no ënne weist.
    5 min
  • Éischt Hëllef fir Mënsche mat enger mentaler Krankheet
    D'Ligue Santé Mentale huet den neien Internetsite pssm.lu an d'Liewe geruff, iwwer deen een all Informatiounen a Formatioune ronderëm Éischt-Hëllef-Course fir d'mental Gesondheet fënnt. D'Barbara Bucki, Chargée de direction vun der Ligue a Responsabel fir d'Formatiounen, souwéi d'Tessy Roeser, Gestionnairin vum Projet, ginn Explikatiounen.
    15 min
  • Fleeschallergie duerch Zeckenbass
    Manner bekannt wéi Borrelios ass, datt een Zeckebass och eng Allergie op Fleesch ausléise kann. Méi genee eng Reaktioun op een Zockermoleküll am Fleesch. Alpha-Gal-Syndrom heescht dëst Krankheetsbild. Bei Déieren, déi Eeër leeë wéi Hénger, besteet kee Risiko, well dës anescht wéi Mamendéiere keen Alpha-Gal produzéieren. De Luxembourg Institute of health LIH wëllt elo méi dodriwwer gewuer ginn a rifft dowéinst d’Leit hei am Land dozou op, sech no engem Zeckebass ze mellen. D’Sté Bisenius huet mat engem vun de rare Betraffenen hei am Land geschwat.
    5 min
  • D'Enn vum Café Waxweiler
    Zu Bettenduerf gëtt d’Gebai vun engem fréier ganz beléifte Café ofgerappt. De Café Waxweiler, deen 1900 entstanen ass, mécht elo Plaz fir ee Parking, deen den Duerfzentrum an d’Schoul méi accessibel soll maachen. Gëschter Owend (10.7.) gouf an der Gemeng de Passé vun deem Café an d’Pläng fir d’Zukunft presentéiert. D'Carole Schimmer war fir eis derbäi.
    5 min
  • Drone fir medizinesch Prouwen ze transportéieren
    Wien an dësen Zäiten un Dronen denkt, deem kënnt wuel éischter ee militäreschen Zweck an de Sënn wéi eng méi positiv Aktioun. Gëschter koum et awer zu engem méi erfreelechen Asaz vun enger Dron an zwar gouf d’Aweiung vum sougenannte Griffin Projet gefeiert. Mat enger Dron goufe Bluttprouwen an ee Labo transportéiert, wou se da sollten analyséiert ginn. Ee Modell fir d’Zukunft?
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag