Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Generatioun Z
    D'Chambre de Commerce huet e Guide erausgi fir Patronen, déi jonk Leit vun där Generatioun (Joergäng 1997 bis 2012) astelle wëllt. Explikatioune vun der Muriel Morbé, Directrice Formatioun
    11 min
  • Lëtzebuerg bei der Scrabble-Weltmeeschterschaft
    De Garcia Ndunga vertrëtt de Grand-Duché an de Scrabble-Club Beggen aktuell bei der franséischsproocheger Weltmeeschterschaft am Québec. Déi éischt Matcher ware gëschter schonn a mir hunn am Virfeld mam Garcia Ndunga geschwat, ugefaang mat der Fro wou seng Passioun fir de Scrabble dann iwwerhaapt hirkënnt.
    5 min
  • Onkloerheeten beim iPad Modell fir Lycéeën
    Genee wéi beim Handy schreift de Ministère elo och dräi verschidde Modeller fir déi schoulesch Notzung vun Tablette vir. Vu enger punktueller Notzung am Unterrecht iwwer eng méi intensiven Notzung bis zu der kompletter Integratioun vum iPad. Déi nei Modeller lafe vun der Rentrée un. Mee d’Ëmsetzung vum neie Konzept werft bei enger Partie Lycéeën awer nach Froen op. Detailer vum Moris Garzaro a Sté Bisenius
    5 min
  • Fluchpassagéier kënnen elo Plainten iwwer myguichet ausfëllen
    Wann d’nächst Woch och d’Grondschoulen an d’Summervakanz sinn, ass d’Vakanzesaison voll lancéiert. Domat si Komplikatioune beim Fléien nees en Theema. Am Fall vun enger Annulatioun, engem Retard oder engem Problem mat Bagagen huet een als Passagéier kloer definéiert Rechter. A well et méi Uspriechpartner gi fir déi verschidde Prozeduren, gouf gëschter fir den Optakt vun der Vakanzesaison eng Vereinfachung virgestallt.
    4 min
  • Trotz schwieregem Kontext kuckt Médecins du Monde positiv op 2024 zeréck
    Fir d’ONGe war d’Joer 2024 net evident, well se gefaart hu wéinst der Caritas-Affär géif d’Vertrauen an de ganze Secteur geschwächt ginn. Déi Suerg hat och d’ONG Médecins du Monde, déi sech fir déi Patienten a Patientinnen asetzt, déi keng Krankekeess hunn an domat keen Accès zum Gesondheetssystem.
    D’ONG war zousätzlech gefuerdert, well zwee Direktiounsmemberen d’Associatioun zejoert verlooss hunn an d’Gouvernance ëffentlech thematiséiert gouf.
    De President Bernard Thill, deen Enn des Joers d'Presidence un de Psychiater Marc Graas ofgëtt, schwätzt am 100,7-Interview wéinst den Departe vun den zwee Direktiounsmembere vun enger “schwéierer Zäit”. Trotzdeem kuckt de President vum Verwaltungsrot aus e puer Grënn positiv op d’Joer 2024 zeréck.
    4 min
  • Son Triomango
    Wéi kënnt e Lëtzebuerger Batteur bei eng Salsa-Band am Süde vu Frankräich? E Gespréich mam Al Lenners, dee mat der Formatioun fir zwee Concerten op Lëtzebuerg kënnt.
    11 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag