Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Hëtzeg Biergerversammlung zu Rodange
    Eigentlech wollt de Gemengerot hei de Plang vun enger neier Bësch-Crèche virstellen - eng Iddi, déi d’Bewunner och prinzipiell guer net esou schlecht fannen. Mee et huet een trotzdeem séier gemierkt, datt d’Bierger:inne vu Rodange am Grousse Ganzen onzefridde sinn oder besser: nach ëmmer onzefridde sinn - domat, wat am Quartier am Doihl geplangt ass. Si hunn dem Gemengerot gëschter virgeheit onprezis ze sinn a schlecht ze kommunizéieren.
    5 min
  • Ëmweltkaméidi
    De Kaméidi ronderëm eis ka krank maachen. En europäesche Rapport weist elo wéi staark déi Belaaschtung ass. Explikatioune vum Olivier Schwab vun der Ëmweltverwaltung
    12 min
  • "Bësch am Krich, Krich am Bësch"
    Schüler:innen aus der Grondschoul an de Lycéeën, mee och Erwuessener haten d’Geleeënheet zu Iechternach am Bësch d’Ausstellung “Bësch am Krich, Krich am Bësch" ze gesinn. Déi Ausstellung gouf op Initiativ vun der Natur a Bëschverwaltung organiséiert.
    Et war déi 5. Editioun vun dëser lieweger Expo, wou een un Hand vun Ateliere mat alen Utensilien aus dem Zweete Weltkrich, mee och Fotoen an Temoignagen, erkläert krut wéi d’Kämpf am Bësch ofgelaf sinn. D’Carole Schimmer war sech déi Open-Air-Ausstellung ukucken.
    5 min
  • Reesen a Krisenzäiten
    Wat bedeiten déi aktuell vill geopolitesch Krise fir d'Reesgeschäft. Dat froe mir de Bernard Ley, Vizepresident vum nationale Verband vun de Reesbüroen, ULAV.
    4 min
  • De Minettpark Fond-de-Gras gouf reamenagéiert
    No engem knappe Joer Aarbechten am Minettpark Fond-de-Gras an der Gemeng Déifferdeng ass dësen historesche Site fäerdeg reamenagéiert. Et ass an der Haaptsaach dorëms gaangen, de Site méi zougänglech ze maache fir ee grousse Public. Dee fréiere Minnierssite sollt doduerch nei valoriséiert ginn. De leschte Freideg gouf de Fond-de-Gras a Presenz vum Kultur- a Patrimoinesminister Eric Thill an de Responsabele vum INPA presentéiert.
    4 min
  • Kinnekswiss loves... Live
    Erlieft de Summerconcert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker mat de Sängerinnen Joyce DiDonato an Chelsea Zurflüh live vun der grousser Open-Air-Bün op der Kinnekswiss an der Stad oder um radio an opus 100,7.
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag