Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Déi bis ewell gréisste Foire Agricole

    Den éischte Weekend am Juli gëtt d'Lëtzebuerger Landwirtschaft sech traditionell Rendez-vous op den Däichwisen zu Ettelbréck. Déi 42. Editioun vun der Foire Agricole fënnt op 12,5 Hektar statt, souvill wéi nach ni virdrun. D'Paule Rodesch ass op der Plaz a geheit mat den Organisateuren e Bléck op de Programm vum Weekend.

    9 min
  • 35 Joer OAI
    Den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils feiert dëst Joer e ronne Gebuertsdag. E Gespréich mat sengem Direkter Pierre Hurt, dee vun Ufank un derbäi war.
    13 min
  • Jazz à Vienne
    Aktuell fënnt dee renomméierten Jazzfestival an der Géigend vu Lyon statt. E Festival, deen et zanter 1981 gëtt an dee sech duerch déi ganz Stad zitt, notamment och an engem impressionanten anticken Amphitheater. Dëst Joer ass Lëtzebuerg Fokusland um Festival an duerch 6 Formatiounen aus dem Grand-Duché vertrueden. Fir eis op der Plaz ass den Jamie Reinert.
    9 min
  • Baggerweier zu Rëmerschen
    Eng beléifte Plaz fir sech ofzekillen ass de Baggerweier zu Rëmerschen. Fir déi Responsabel heescht et bei héije Visiteurszuelen extra gutt opzepassen. D‘ASBL Erliefnis Baggerweiere setzt sech fir preventiv Sécherheetsmoossnamen an. Mir hu mam Tizian Zepp, Attaché à la Direction vun der ASBL iwwer déi néi Mesurë geschwat.
    3 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag