Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Klimapolitik
    Lëtzebuerg begréisst, datt d'EU-Kommissioun d'Zil setzt bis 2040 d'Zäregasen-Emissiounen ëm 90 Prozent erofzedrécken.
    Fir een Accord tëschent de 27 EU-Member ze fannen, ginn awer Elementer vu Flexibilitéit ageféiert. Dat huet den EU-Kommissär fir Klimafroen, de Wopke Hoeckstra, gëschter virun der Press erkläert. Fir de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes ass déi Decisioun vun der EU-Kommissioun ee Schratt an déi richteg Richtung.
    4 min
  • Trounwiessel
    D’Maison du Grand-Duc huet deen neie Monogramm vum zukünftege Grand-Duc Guillaume virgestallt. D'Grafikerin Yolande Kaiser gëtt Explikatiounen dozou.
    5 min
  • Brout wéi fréier
    De François Kieffer baakt Brout wéi virun 200 Joer, mat Miel aus Kären, déi (bal) vergiess gi sinn, mat Sauerdeeg amplaz vun Hief ... a mat vill Zäit a Gedold.
    14 min
  • Hëtzt
    Héchst Warnstuf haut (2.7.) wéinst Temperaturen iwwer 35 Grad. Wat réit den Educatiounsministère de Schoulen? Explikatioune mam Lex Folscheid
    6 min
  • Hëtzt
    Héchst Warnstuf haut (2.7.) wéinst Temperaturen iwwer 35 Grad. Wat réit den Educatiounsministère de Schoulen? Explikatioune mam Lex Folscheid
    6 min
  • Um Chantier an der Hëtzt
    Vill Leit mussen och bei deene waarmen Temperaturen dobausse schaffen. Mee wéi gëtt dat zum Beispill um Bau gehandhaabt? De Jo Welfringer huet de Patron vun engem Daachdeckerbetrib op e Chantier begleet.
    5 min
  • Nei EU-Klimaziler: Memberlänner si sech net eens
    81 Prozent vun de Bierger:innen aus der EU stinn hanner dem europäesche Klimazil dat virschreift, datt d’EU bis 2050 soll klimaneutral ginn. Dat seet eng rezent Ëmfro an der EU. Zu Lëtzebuerg sinn et esou guer 84 Prozent. De Support bei de Leit schéngt also do ze sinn, mee d’Politik deet sech méi schwéier den Ament domat couragéiert Mesuren an der Klimapolitik ze proposéieren. D'EU-Kommissioun wëllt elo een Tëschenzil bis 2040 definéieren. D'Gesetz ass schonn am Virfeld ëmstridden, dat huet sech ënner anerem um EU-Sommet déi lescht Woch gewisen.
    Wat proposéiert d’Kommissioun a wéi positionéiert sech Lëtzebuerg, wat nach zejoert een ambitiéist Zil fir 2040 gefrot hat? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
    7 min
  • Hëtztwell zu Lëtzebuerg
    Och Lëtzebuerg ass am Héichsummer ukomm. Haut sollen et haut bis zu 35 Grad ginn a Muer ass mat iwwer 37 Grad ze rechnen. Bei sou héijen Temperature recommandéiert d’Santé reegelméisseg Waasser ze drénken, net ze laang Zeit an der Sonn verbréngen a schwéier kierperlech Ustrengungen ze evitéieren.
    Wat Leit dobausse vun Tipps an Tricker bei dem waarme Wieder hunn, a wei si des Temperature bewältegen, huet de Moris Garzaro an der Stad nogefrot.
    2 min
  • 30 Grad am Klassesall

    D'Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg huet decidéiert, datt d'Schoul dëse Mëttwoch (2.7.) zoubleift. Iwwer d'Grënn schwätze mir mam Buergermeeschter Jérôme Laurent (LSAP).

    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag