Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • E Lëtzebuerger zu Wimbledon
    Gespannt kuckt de Lëtzebuerger Tennissport haut op Wimbledon. De Chris Rodesch spillt um 20 op 2 an der éischter Ronn vum Hapttableau e Match géint de Pablo Carreno Busta. Mir hu beim jonken Tennisspiller de Bols gefillt.
    3 min
  • Wat bedeiten déi geplangten Ännerungen am Steiersystem?
    Wéi mir Enn d’lescht Woch gemellt hunn, huet de Finanzminister Gilles Roth leschte Freideg de Fraktiounen déi geplangten Ännerungen un der Persounebesteierung virgestallt. 900 Milliounen Euro d’Joer soll et de Staat kaschten, an et soll just nach eng Steierklass fir jidderee ginn. Wat bedeit dat elo konkreet?
    5 min
  • Undeel un erneierbaren Energien an der Stroumproduktioun klëmmt
    Zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert - dat geet aus dem neiste Rapport vum Nationale Regulatiounsinstitut ILR ervir. De gréissten Undeel u gréngem Stroum kënnt nach ëmmer vun de ronn 70 Wandrieder, déi uechter d’Land stinn. D’lescht Joer ass deenen hir Leeschtung a Gigawattstonnen - de Wäert, an deem d’Stroumproduktioun ausgedréckt gëtt - allerdéngs erofgaangen. Erklärungen dozou vum Marc Kohll vum Service Statistiques et Veille des marchés vum ILR.
    5 min
  • Demonstratiounskultur zu Lëtzebuerg
    Muer um Samschdeg (28.6.) ass déi grouss ugekënnegt Manifestatioun vun den zwou Gewerkschaften OGBL am LCGB: “Géint dës Regierungspolitik” - esou steet et op hirem Flyer. Et ass awer net fir d’éischt an der Geschicht vu Lëtzebuerg, datt déi zwou grouss Gewerkschafte sech zesummen dinn an zesummen op d’Strooss ginn. D’Sté Bisenius huet e Bléck an d’Geschicht geheit.
    5 min
  • 20 Joer Philharmonie
    De 26. Juni 2005 war en éischte Concert an der Philharmonie, zënterhier ass d'Weltelite aus der Klassik am Concertssall um Kierchbierg passéiert. De Generaldirekter vun der Philharmonie Stephan Gehmacher huet vill Grënn fir zefridden an houfreg ze sinn.
    13 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag