Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Biowäin vu Kanech
    Am Kanecher Wengertsbierg gouf Pionéieraarbecht geleescht, wat d'Produktioun vu Biowäin ubelaangt. De Carlo Entringer ass e Mann vun der éischter Stonn.
    12 min
  • Bauerebetriber nohalteg erhalen
    D'Plattform Meng Landwirtschaft stellt Fuerderungen, fir virun allem méi kleng Betriber, déi der Biodiversitéit hëllefen, ze schützen. Interview mat der Claudine Felten, Direkctrice vun natur&ëmwelt
    6 min
  • Fëmmverbuet a Frankräich
    A Frankräich trëtt ee méi strengt Anti-Tubak-Gesetz a Kraaft. Et dierf net méi op Plaze gefëmmt ginn, wou Jonker zesummekommen: ronderëm Schoulen a Sportplazen, mee och a Parken, Plagen an op Busarrêten, déi iwwerdeckt sinn. D’Zil ass et, den Tubak ze ent-normaliséieren an de Konsum ze reduzéieren. Am Dezember zejoert huet d’Europaparlament eng Lëscht mat Recommandatiounen zum Fëmme verëffentlecht. Et si fakultativ Mesuren, déi d’Memberstaaten encouragéiere méi strikt géint den Tubakskonsum virzegoen. Frankräich setzt en Deel vun dëse Recommandatiounen haut (1.7.) ëm. Mee wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus?
    4 min
  • Dausende Leit op der Budapest Pride
    Iwwer 100.000 Persounen hunn un der Pride zu Budapest deelgeholl, obschonn d’Veranstaltung duerch e Gesetz vu Mäerz 2025 verbuede gouf. Fir d’Pride awer ze organiséieren huet de lénks-grénge Buergermeeschter vu Budapest Gergely Karácsony d’Pride an ee Gemengenevent ëmklasséiert, fir domat dat ëmstriddent Gesetz ze ëmgoen. Domat riskéiert hie genee wéi d’Organisateuren eng Fräiheetsstrof vun engem Joer, d'Participante kéinten eng Geldstrof kréien. Ënner hinne waren och eng Rëtsch EU-Deputéierten, wei d’Tilly Metz vun de Gréngen an den LSAP-Politiker Marc Angel. D'Pebia Urban huet déi zwee op Budapest begleet an den Oflaf vun der Pride verfollegt.
    6 min
  • Reaktioun vum Patronat
    Wéi steet d'Luxembourg Confederation zu der nationaler Manifestatioun vun de Gewerkschaften? Froen un hiren Direkter, Tom Baumert.
    7 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag