Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Nordstad
    Am Ierpeldenger Gemengerot koum et virgëschter zu enger Pattsituatioun beim Vott iwwer d’Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher. Ee Conseiller huet sech enthalen. Firwat?
    4 min
  • Programm Trounwiessel
    De Programm vum Trounwiessel verleeft iwwer puer Deeg - vun der offizieller Zeremonie an der Stad den 3. Oktober iwwer eng Partie Volleksfester den Dag drop uechtert d'Land.
    3 min
  • Caritas-Affär: Nei Entwécklungen
    An der Caritas-Affär kéint et zu engem fréizäitegen Urteel fir zwee vun den Ugeklote kommen. Déi zwee Männer aus Bulgarie kréie reprochéiert, datt si a Spuenie Bankkonten opgemaach hunn: Konten iwwer déi een Deel vun den 61 Milliounen Euro transitéiert sinn, déi d’Caritas zejoert geklaut krut.
    5 min
  • Virun der Reunioun vun der Regierung mat Gewerkschaften a Patronat
    Haut um 9. Juli ass d'Reunioun, op déi d’Regierung d’Gewerkschaften an d’Patronat invitéiert huet. D’Invitatioun un d’Gewerkschaften ass virun engem décke Mount erausgaangen. Ob d’Gewerkschaftsfront aus OGBL an LCGB d’Invitatioun unhëlt, war awer laang net kloer. Schliisslech hate si Enn Mee an engem Schreiwes nach annoncéiert nëmmen nach an enger Tripartite ze diskutéieren. D’Fronte si jiddefalls verhäert. D’Morgane Weidig mat engem Réckbléck
    4 min
  • Zéro-Mégots: Wéi Diddeleng fräi vun Zigarettestëmp wëllt ginn
    Diddeleng wëllt fräi vun Zigarettestëmp ginn an d’Gemeng krut elo dofir Hëllef vu fënnef Schüler:innen aus dem Lycée Nic Biever. Zanter dem leschte September gouf intensiv dru geschafft Fëmmerten op d’Konsequenze vun der Ëmweltverschmotzung duerch déi kleng Zigarettereschter opmierksam ze maachen. Eleng eng eenzeg Zigarett kann nämlech bis zu 1.000 Liter Waasser verschmotzen, heescht et an enger Studie, déi 2014 publizéiert gouf. De klore Message vun der Campagne ass: Zigarettestëmp gehéieren an eng Poubelle an net op de Buedem oder an de Gulli.
    3 min
  • BRICS Sommet
    D’BRICS-Staate koumen zu Rio de Janeiro zesummen. Een Thema sinn d'US-Douanestaxen. Ee Bilan nom Sommet mat eisem Brasilie-Korrespondent.
    4 min
  • 4 Wochen Handyverbuet an de Lycéeën
    Vun no der Péngschtvakanz u muss eng physesch Distanz tëschent Handy a Schüler:in am Cours garantéiert sinn. Iwwer déi genee Ëmsetzung a weider méi restriktiv Mesurë kënnen d’Lycéeë selwer decidéieren. Et ginn 3 verschidden Niveauen: Vun enger physescher Distanz tëschent Handy a Schüler:in am Cours bis zu engem ganzdaags Handyverbuet an der Enceinte vum Lycée.
    Wéi deen Handyverbuet an de verschiddene Gebaier hei am Land ëmgesat gëtt a wat d‘Schüler:innen dovunner halen huet d’Sté Bisenius an de Lycéeën nogefrot.
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag