Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • D'Campinge profitéiere vun der Hëtzt
    2026 wier ee fantastescht Joer fir d'Lëtzebuerger Campingen. Vill Touriste géife wéinst der aktueller Situatioun am Süde vun Europa hir Vakanzen hei am Land verbréngen, seet d'Presidentin vun der Camprilux, der Vereenegung, déi d'Campingsbedreiwer vertrëtt.
    Wéinst der Dréchent géif ee speziell Instruktiounen un d'Clientë weiderginn an et wier een amgaangen een neie Leader-Programm op d'Been ze stelle fir en neie Plan de Secours auszeschaffen.
    0 min
  • Filmtipp: "The Christophers"
    Mat sengem Fälscher-Drama geet de Steven Soderbergh dem Wiese vun der Konscht op de Fong. De Michel Delage an d'Vesna Andonovic mat enger Bespriechung
    4 min
  • Zënter iwwer engem Joer ass am Weier op der Kockelscheier kee Waasser méi
    De Weier, deen direkt nieft der grousser Äispist ass, läit zënter iwwer engem Joer dréchen. U sech sollt dee knapp 200 Meter laangen an 130 Meter breede Brakeweier scho längst nees mat Waasser gefëllt sinn. Bis et souwäit ass, wäert et awer nach eng Zäitchen daueren. De Pit Beffort war sech fir eis op d’Kockelscheier e Bild vun der Situatioun maachen.
    0 min
  • Firwat ginn an der däitscher Autosindustrie grad massiv Plazen ofgebaut?
    Der däitscher Autosindustrie geet et net gutt. Nodeems virun enger Woch Porsche annoncéiert hat 5.000 Plazen ze sträichen, ass BMW elo Mëtt der Woch mat 8.000 Plaze nogezunn. All déi däitsch Autosbauer sinn amgaangen ze kierzen. Iwwer d’Grënn dofir hu mir mam Lazar Backovic, Chef vun der Mobilitéitsredaktioun beim däitschen Handelsblatt geschwat. Den Haaptgrond fir déi schlecht Stëmmung um Marché wier ganz kloer China, seet hien. Mee firwat?
    0 min
  • Jugendschutzreform: Gilbert Pregno warnt virun "Hauruckverfahren"
    Déi wichtegst Komponent vun der Reform: Jugendschutz a Jugendstrofrecht gi künfteg getrennt. Mee elo mussen d’Texter eng weider Kéier iwwerschafft ginn. De Gilbert Pregno, Kannerpsycholog a fréiere President vun der Mënscherechtskommissioun, huet staark Bedenken, datt d’Reform, iwwer déi scho laang diskutéiert gëtt, de Besoine gerecht gëtt.
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag