Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • EU-Noutfall-Zentral koordinéiert Hëllef géint Bëschbränn
    Lëtzebuerg schéckt ee Läschfliger genee wéi 15 Pompjeeën a Frankräich, fir ze hëllefen d’Bëschbränn an de Grëff ze kréien.
    Koordinéiert gëtt deen Asaz zu Bréissel, am Zentrum vum sougenannten EU-Mechanismus fir d’Protection civile, wou d’Fiedem fir déi europäesch Noutfallmesuren zesummelafen. Vun do aus gëtt d’Hëllef op europäeschem Niveau koordinéiert an ofgestëmmt.
    D’Danièle Weber konnt sech op der Plaz an där Kommandozentral, matten am EU-Quartier zu Bréissel, selwer ee Bild maachen doriwwer, wéi dat funktionéiert.
    0 min
  • Wéi mussen d'Autoszouliwwerer sech an Zukunft opstellen?
    Fir op d'Kris ënner anerem an der däitscher Automobilindustrie ze reagéieren, denken Autoszouliwwerer och hei am Land iwwer een zweet Standbeen no - z. B. am Beräich Defense. Explikatioune vum President vum Lëtzebuerger Verband vun den Autoszouliwwerer, dem Julian Proffitt.
    5 min
  • Wat hëlleft géint d'Hëtzt? D'Leit verroden hir Tricken
    Déi eng si vläicht schonn an der Vakanz oder profitéiere vun enger Wunneng oder enger Schaff mat enger Klimaanlag fir dës Deeg besser ze iwwerstoen ... Fir anerer heescht et e bësse kreativ ginn.
    De Moris Garzaro huet sech gëschter an d’Stad ëmfrot, wat d’Leit maachen, fir mat der Hetzt eens ze ginn a wat fir Tricken hinnen duerch dëse waarme Summer hëllefen.
    3 min
  • D'Klimakëscht - de beschte Schutz géint d'Hëtzt an de Stied?
    Bei de waarmen Temperature wéi se fir haut an och déi nächst Deeg gemellt sinn, wëllt ee sech eigentlech just nach ofkillen. Besonnesch an de Stied kann d’Hëtzt sech nämlech Stauen a richteg desagreabel ginn. Mee dat geet och anescht. Wéi, dat kann een de Moment selwer zu Diddeleng virum Gemengenhaus testen. Hei steet eng sougenannt Klimakëscht déi weise soll, wéi eng Stad kann ausgesinn, déi sech den neie klimatesche Bedéngungen ugepasst huet. Wat dat genee heescht, probéiert de Pit Beffort erauszefannen.
    11 min
  • Déi nei Kannerkëscht-App ass do!
    D'Pechschwéngercher, d'Kanner op der Buerg an an Zukunft de Virwëtzclub: all eis Geschichten an Hörspiller fir Kanner ginn et elo gesammelt op enger Plaz, pünktlech fir d'Vakanz. D'Maxi Pesch mat Erklärungen
    7 min
  • Ëmweltorganisatioune kritiséieren ETS-Reform
    Mëtt Juli huet d’EU eng Reform vum ETS, dem Emissiounshandelssystem, ugekënnegt. Deemno solle Betriber méi laang méi CO2 produzéieren dierfen, wéi bis elo geplangt. De Stéchdatum 2040 fir eng 90-Prozent-Reduktioun un Zäregas-Emissioune bleift awer weiderhi bestoen. D’Ëmweltschutzorganisatioune WWF a Greenpeace hu Bedenken, ob dës Klimaziler vun der EU wäerten agehale kënne ginn.
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag