Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Edward-Steichen-Fotoen eng alleréischte Kéier op de Rencontres d’Arles
    Lët’z Arles ass den Numm vun der ASBL, déi zanter 2016 déi Lëtzebuerger Fotografie all Summer op de renomméierte Rencontres de la Photo d’Arles vertrëtt. Fir hire ronnen zéngte Gebuertsdag wollten d’Memberen dem Public a Südfrankräich eppes Besonnesches bidden. Si hu Lëtzebuerger Institutioune mat Edward-Steichen-Kollektiounen zesummebruecht, fir eng gemeinsam Edward-Steichen-Expo fir d’Rencontres op d’Been ze stellen, an zwar ënner dem Titel “La nature d’Edward Steichen”. Eng Weltpremière! D’Kerstin Thalau war op der Semaine d’ouverture vun de Rencontres d’Arles.
    0 min
  • Leihmutterschaft - wéi sinn d'Reegele bannent der EU?

    De Fall vum däitschen CDU-Politiker Jens Spahn, deen zesumme mat sengem Mann Papp gouf – mat Hëllef vun enger sougenannter Leihmutterschaft - huet fir vill Welle gesuergt - an net nëmmen an Däitschland d’Diskussioun ronderëm de Sujet nei ugestouss. Wéi ass d’Situatioun, wat sinn eventuell Gesetzer iwwer d’Leihmutterschaft oder wéi bei eis och gesot gëtt “d’gestation pour autrui” an aneren europäesche Länner - a wéi gesäit et eigentlech zu Lëtzebuerg aus?

    An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

    8 min
  • Renaturéierung vu Flëss: net ëmmer esou einfach
    D'Uelzecht zu Steesel soll renaturéiert ginn. Dat mam Zil fir d'Gewässerqualitéit an den Héichwaasserschutz ze verbesseren. Virun 3 Joer gouf ee gréissere Projet annoncéiert, zesumme mat der Regierung, der Gemeng an der Europäescher Investitiounsbank. Elo ass een éischte klengen Tronçon fäerdeg. Ob a wéini de gesamte Projet kéint ofgeschloss ginn, ass ongewëss. De Moris Garzaro huet sech am Fréijoer op der Plaz mat der Steeseler Buergermeeschtesch getraff, fir doriwwer ze schwätzen.
    0 min
  • 29.000 Hektar verbrannt
    Rieds ass vum schlëmmste Bëschbrand iwwerhaapt an der Regioun: Am Nordoste vu Madrid hunn 1.200 Mënschen aus méi wéi 30 Uertschafte missten evakuéiert ginn. Elo kéint Besserung a Siicht sinn. Een Update mat eiser Korrespondentin Aurélie Chamerois
    0 min
  • Nei am Kino
    Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
    0 min
  • FEDIL zur ETS-Reform: "Mir brauchen eng staark Industrie an Europa“
    Een zentraalt Klimaschutzinstrument vun der Europäescher Unioun soll reforméiert ginn: den Emission Trading System, kuerz ETS, deen et schonn zënter 2005 gëtt. Déi Europäesch Kommissioun hat hir Virschléi dozou e Freideg zu Bréissel presentéiert. Zënterdeem ginn et positiv wéi negativ Reaktiounen.
    Wéi reagéiert déi Lëtzebuerger Industrie op d’Proposen? A wat genee huet d’EU-Kommissioun virgeschloen?
    0 min
  • Filmtip: "The Odyssey"
    Dem Christopher Nolan seng imposant filmesch Interpretatioun gëtt dem Homer sengem Klassiker absolut gerecht, et ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinotip.
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag