E Sonndeg ass et nees esouwäit: Am Cyclissem steet Paris-Roubaix um Programm. Eng Course, déi fir vill Vëlosfans nieft dem Tour de France zu de groussen Highlighte vun der Saison zielt. De Grond, firwat dës Eendagescourse esou bekannt a beléift ass, sinn déi sëllege Pavé-Secteuren, déi de Coureuren an dem Material alles ofverlaangen. Méi Detailer huet de Jo Diseviscourt fir eis.