Zanter genee 3 Joer sinn zu Lëtzebuerg eng ganz Partie Verhütungsmëttele gratis, dorënner och d’Sterilisatioun. Mee wa jonk Fraen sech wëlle steriliséiere loossen, gëtt genee dës Decisioun nach dacks a Fro gestallt. Trotz der Gratuitéit stousse virun allem dës jonk Fraen nach op gréisser Barriären, och wa si sech bewosst fir dësen Agrëff entscheeden.