Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Public Viewing um Glacis: Um Enn feieren d'Spuenier
    Gëschter Owend huet sech Spuenie fir d’Véierelsfinall vun der Fussball-Weltmeeschterschaft an Nordamerika qualifizéiert. Duerch e Gol an der Nospillzäit konnte si sech knapp mat 1-0 géint Portugal behaapten. Och zu Lëtzebuerg gouf de Match vu ville Leit interesséiert mat verfollegt. E puer Honnert vun hinnen hate sech um Glacis an der Stad versammelt fir de Match zesummen um groussen Ecran ze kucken. De Pit Beffort war fir eis mat dobäi.
    5 min
  • De Serge Kollwelter erënnert sech

    De laangjärege President vun der Asti huet scho fréi ugefaange Fotoen, Bréiwer an Affichen am Kader vu sengem Engagement ze sammelen. Elo gouf dorausser eng Chronik. D'Christiane Kleer huet mat him doriwwer geschwat.

    23 min
  • Ask for Angela: en diskreet Codewuert soll fir méi Sécherheet suergen
    Déi international Initiativ gëtt haut zu Lëtzebuerg lancéiert. Wann ee sech an engem Restaurant, Bar oder op engem Event onwuel oder bedrängt spiert, kann een nom Angela froen a gëtt vum Personal aus der Situatioun erausgeholl. Ee vun de Grënnungsmembere vun der Lëtzebuerger ASBL, den Arne de Wal, ass zu Gaascht bei eis am Studio.
    5 min
  • Den Nationalarchiv plënnert
    Wie scho mol geplënnert ass weess, wat fir en Opwand esou eng Plënner ass. Mee stellt Iech mol vir, Dir musst dat ganzt Nationalarchiv plënneren, mat iwwer 50 km Dokumenter, Bicher an ale wäertvolle Schrëften, déi deels aus dem fréie Mëttelalter stamen. Schonn zënter zwee Joer ass d’Nationalarchiv am gaangen hir Plënner aus der Stad op de Site Esch Belval ze organiséieren. Wéi eng Erausfuerderung esou ee risege Projet mat sech bréngt a wéi dat neit Nationalarchiv elo schlussendlech ausgesäit, war d’Sté Bisenius sech ukucken.
    5 min
  • Tour de France Preview: Nees Pogacar géint de Rescht?
    Déi gréisste Vëloscourse op der Welt steet virun der Dier: Den Tour de France. Muer geet et zu Barcelona mat engem Ekippenzäitfuere lass. Am Virfeld ginn et awer zwee Campen: Déi, déi enorm gespaant sinn, an déi, déi sech eng langweileg Course erwaarden.
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag