Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • 80 Joer Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek
    Den 1. Juli 1946 koum déi 1. Editioun vun der kommunistescher Zeitung eraus. Den aktuelle Chefredakter Ali Ruckert erënnert un 80 Joer, an deenen et dacks ëm d'Iwwerliewe goung.
    0 min
  • Bus du Coeur des Femmes
    Vun haut bis e Freideg mécht dee Bus Statioun zu Esch virun der Gemeng. Do kënne Frae sech gratis engem Depistage vu cardiovasculaire Krankheete ënnerzéien. Den Thierry Drilhon, Co-Fondateur vun der (franséischer) Stëftung, déi hanner där Initiativ stécht, gëtt e puer Erklärungen.
    7 min
  • Lëtzebuerger Fussball-Fan op der WM: Top oder Flopp?
    Zënter bal 3 Woche leeft d’Fussballweltmeeschterschaft an den USA, Mexiko a Kanada. D’Stëmmung am Virfeld war dës Kéier anescht wéi soss. Nieft politeschen Tensiounen a groussen Distanzen tëschent de Stadie waren ze deier Ticketen, eidel Stadien a keng richteg WM-Stëmmung e puer vun de Virwërf, déi ee virum Start konnt liesen. Mee entsprécht dat och deem, wat d’Supporter op der Plaz erliewen? E Lëtzebuerger Fussballfan erzielt, wéi hien d'WM erlieft.
    0 min
  • Vun Dräibiz bis Vullemätti
    Wann ee sech mat engem aneren an d’Hoer kritt, da fléien heiansdo déi fantasteschst Beleidegungen hin an hier. Mat esou Frechheete beschäftegt sech deen neie Band an der Serie Lëtzebuerger Wuertschatz vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Den Armand Becker vum ZLS verréit eis e wéineg méi iwwer dat neit Buch an eng Campagne fir d'Lëtzebuergescht méi visibel ze maachen.
    0 min
  • Vott iwwer d'Stierfhëllef a Frankräich
    An der franséischer Assemblée nationale gëtt haut am Nomëtteg iwwer d’Stierfhëllef entscheet. Nach de Weekend gouf iwwer lescht Detailer vum Gesetz gestridden, dat elo nach virun der Summerpaus duerch d’Parlament soll. Wat genee gesäit et fir a wéi grouss ass d’Ënnerstëtzung fir dës Mesure, déi zu de Walversprieche vum President Macron gehéiert?
    0 min
  • Déifferdeng setzt op innovative Makadamm
    Zu Déifferdeng ass e Stéck Strooss frësch gemaach ginn, mat Asphalt deen zu 3 Prozent aus biologescher Kuel besteet an där CO2 gebonnen ass. Explikatioune vun der Déifferdenger Ëmweltschäffin Zenia Charlé an dem Philippe Reuter vum kommunale Service écologique
    0 min
  • Contournement vun Hesper: Ee komplexe Projet
    De Contournement vun Hesper soll een Iwwerschwemmungsgebitt, grad ewéi Natura 2000 a Vulleschutzzonen duerchkräizen. Am Gesetzesprojet sinn nieft der Renaturéierung vun der Uelzecht an enger Baach, een Tunnel grad ewéi Strecken nieft der Eisebunn an der Autobunn geplangt. D'Zil ass et Alzeng mam Houwald ze verbannen, wou ee vum ëffentlechen Transport ka profitéieren.
    0 min
  • Nohaltegkeetsverspriechen op Produite mussen zukünfteg kënne bewise ginn
    En neit Gesetz soll Konsumente besser virun ierféierenden Aussoen op Produite schützen a besser iwwer Haltbarkeet a Reparatiouns-Méiglechkeet vun hinnen informéieren. Mam Text gëtt eng entspriechend EU-Direktiv an nationaalt Recht ëmgesat. D’Marie-Josée Ries vun der Direktioun fir de Verbraucherschutz am Landwirtschaftsministère gëtt Erklärungen.
    5 min
  • WM geet an d'K.-o.-Phas
    Den 100,7-Fussballconsultant Roland Schaack zitt e Bilan vun der Gruppephas a kuckt no vir op d'16.-Finalle bei der Weltmeeschterschaft an den USA, a Mexiko an a Kanada.
    0 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag