Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Hëtztwell um Chantier
    D’Hëtzt bleift och haut ee vun den dominanten Theemen. Déi meescht vun eis kënne sech, wann et méiglech ass, an de Schiet, an e klimatiséierte Büro oder doheem hanner zoue Rolllueden zeréckzéien. Mee et ginn och vill Leit, déi de ganzen Dag dobausse schaffen – zum Beispill um Chantier. D'Paule Rodesch mellt sech live vun Esch a schwätzt mam Gérard Thein vu Bonaria Frères doriwwer, wéi den Aarbechtsalldag um Chantier un déi héich Temperaturen ugepasst gouf.
    0 min
  • Wéi laang dauert d'Hëtztwell nach?
    Dat froe mir de Meteorolog Luca Mathias. Déi nächst Deeg soll et nach méi waarm gi wéi bis elo. Wat ass dobäi den Ënnerscheed tëschent der tatsächlecher an der gefillter Temperatur?
    8 min
  • Nationalfeierdag Militärparad: A voller Uniform bei iwwer 30 Grad
    Op Nationalfeierdag ass muer an der Mëttesstonn nees d‘Militärparad an der Avenue de la Liberté an der Stad. Wéi all Joer huet d‘Arméi sech gutt op d‘Parad virbereet. Fir ze kucke wéi déi Preparatiounen ofgelaf sinn, war de Pierre Reyland d‘leschte Freideg op den Härebierg zu Dikrech. Hien hat do och d‘Geleeënheet mat Offizéier iwwer hir Formatioun an hir Motivatioun fir eng Arméis-Karriär ze schwätzen.
    6 min
  • 10 Joer Brexit
    Wéi huet dat Vereenegte Kinnekräich sech verännert, zënter et net méi Member vun der EU ass? Erklärunge vun eiser London-Korrespondentin Claire Barthelemy
    6 min
  • "Feuerwerksmusik" 2026
    Den Erny Delosch huet dëst Joer d'Musek fir d'Freedefeier um Virowend vun Nationalfeierdag geschriwwen. Am Interview verzielt hien, wéi hien dobäi virgaangen ass.
    10 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag