Op der Sich no Inspiratioun fir méi Sport a Gesondheetstipps geroden ëmmer méi Jonker op déi geféierlech Säit vum Internet: Skinny Tok. Domat ass eng Ënnerkategorie vun TikTok gemengt. Videoen a Poste mat dësem Hashtag sinn net nëmmen op TikTok, mee och op anere Soziale Medie wéi Instagram oder YouTube Shorts ze fannen.
Hanner dem Trend verstoppt sech eng Online-Welt, déi extreemt Ofhuele verherrlecht. Wat op deen éischte Bléck wéi normal Fitness- oder Diättipps wierkt, verharmloost a Wierklechkeet déi eescht a potenziell geféierlech Krankheet Magersucht, och ënner dem Numm Anorexia nervosa bekannt.
D’Laure Carier huet sich den Trend ugekuckt.