Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Raphaël Zumsteeg: “Den Hafen zu Mäertert huet Capacitéit fir méi Schëffer"
    Ronn 600 Schëffer goufen 2025 am Hafen zu Mäertert belueden an entlueden. Den Total un Tonnen ass d’lescht Joer zeréckgaangen.
    Wéi eng Roll spillt d’Banneschëfffaart an dësen Zäiten? A wéi een Impakt huet de Krich am Iran? Doriwwer huet de Serge Kesseler sech beim President vun der Société du Port de Mertert Raphaël Zumsteeg informéiert.
    4 min
  • Ass Keelen nach ëmmer Lëtzebuerger Vollekssport?
    Zweemol Gold, eemol Sëlwer an eemol Bronze - mat deem beandrockende Medailespigel sinn d’Lëtzebuerger vun der Weltmeeschterschaft am Sportkeelen zu Langenfeld an Däitschland heemkomm. Wéi e Stellewäert huet d'Keelen haut hei am Land a wat ass den Ënnerscheed tëschent Keelen a Sportkeelen? Ënner anerem doriwwer schwätze mir mat de Goldmedailegewënner an der Disziplin Tandem Mixte: Martine Keller a Christian Junck.
    12 min
  • Wann de Fussball de Leit hir Suerge vergiesse deet
    Bei enger Fussball Weltmeeschterschaft dobäi ze sinn ass fir vill Natiounen näischt aussergewéinleches méi. Et ginn awer Länner, fir déi ass et e besonneschen Ament. Bei dëser Editioun sinn dat ënner anerem den Irak, Haiti an déi Demokratesch Republik Kongo. Well wann hir Nationalekippen bei der WM um Terrain stinn, da léisst dat d’Awunner aus deene Länner fir op d’mannst 90 Minutte vill Suerge vergiessen. Wéi wichteg de Fussball fir eng ganz Natioun an hir Bevëlkerung ka sinn, dat weist eis de Jo Diseviscourt an engem klenge Bäitrag.
    7 min
  • DJ Nosi: E Lëtzebuerger geet viral
    Nodeems hien d'lescht Joer beim bekannten Tomorrowland-Festival opgetratt ass, mécht dee jonke Lëtzebuerger DJ sech ëmmer méi en Numm an der internationaler Elektrozeen.
    0 min
  • Fräie Mikro: Schoulflicht amplaz Ofsturz
    Et ass nach ee Mount bis zur Summervakanz. An eisem Fräie Mikro hei geheie mir schonn e Bléck no vir op d’Rentrée. Vun Hierscht u mussen d'Schüler:innen zu Lëtzebuerg nämlech méi laang an d’Schoul goen. D'Schoulflicht gëtt vu 16 op 18 Joer erhéicht. D'Zil wier, d'Zuel vun de Schoulofbriecher ze reduzéieren, huet den Educatiounsminister Claude Meisch am Hierscht 2021 annoncéiert.
    D‘Iddi ass gutt, mee d’Schoulen hunn elo e grousse Problem, seet d’Judith Reicherzer, fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.
    0 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag