Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wirtschaft: EZB héicht Zënse fir Inflatioun ze bremsen
    Déi Europäesch Zentralbank huet fir d‘éischte Kéier zanter bal dräi Joer hir wichtegst Zënstauxen nees eropgesat. Den Haapttaux fir d‘Banken a Spuerer klëmmt vun 2 Prozent op 2,25 Prozent. De Pierre Reyland huet mam Chef vun der Lëtzebuerger Gaston Reinesch iwwer déi Decisioun geschwat.
    7 min
  • Muer an der Coque: Special Olympics fir jiddereen
    Muer am Nomëtteg ass eppes méi lass um Kierchbierg: Special Olympics Luxembourg lued de breede Public an zesumme mat Leit déi eng intellektuell Aschränkung hu Sport ze maachen. Vun zwou bis fënnef bidden eng ganz Rei Sportfederatiounen zesumme mat Associatiounen Atelieren un. De Message: jidderee kann op seng Manéier Sport maachen.
    Detailer vum Luca Di Santolo
    3 min
  • Vun 100 op 99 Gemengen? Bauschelt a Stauséigemeng rapprochéiere sech
    Den Interessi bei de Bierger:inne war grouss, wéi déi béid Buergermeeschtere Jeff Gangler a Marco Koeune gëschter, respektiv e Mëttwoch op Informatiounsowender an hir jeeweileg Gemengen invitéiert haten, fir iwwer Chancen a méiglech Bedenken zu enger Fusioun ze diskutéieren. Nach ass näischt decidéiert – d’nächst Joer sollen d’Bierger:innen hir Meenung per Referendum ausdrécken. Mee en éischte Stëmmungsbarometer waren d’Informatiounsowender duerchaus - an dee kéint een als virsiichteg optimistesch bezeechnen.
    5 min
  • De Stauséi - Affer vun sengem eegenen Erfolleg?
    Bei iwwer 30 Grad wiere gäre mol 8.000 Visiteuren um Stauséi am Nordweste vum Land, wuel gemierkt den Dag, esou den Tom Schmit, Ranger vum Naturpark Uewersauer. Mëttlerweil ass vu Massentourismus rieds, dee seng Problemer mat sech bréngt.
    5 min
  • Divergenzen an der LSAP-Fraktioun
    Deen neien LSAP-Deputéierte Ben Streff reagéiert op de Sträit ëm d'Positioun zum Asyl- a Migratiounspak -
    ausgerechent op sengem 1. Dag an der Chamber ...
    8 min
  • Wann d'Chamber sech muss fläissen

    Ëmmer méi dacks gi Gesetzer mat immensem Zäitdrock am Parlament gestëmmt. Woubäi richteg Debatten an Analysen op der Streck bleiwen. Dat ass net nëmme problematesch fir d’Roll vun eisem Parlament, mee och allgemeng fir d’Glafwierdegkeet vun den demokrateschen Instanzen, mengt de Frank Wies a sengem Fräie Mikro.

    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag