Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Mam Cyber-Léonie géint Cyber-Mobbing a Cyber-Kriminalitéit
    Leonora ass e Projet, deen zesumme mat Lycée-Schüler:innen entwéckelt gouf. Op eng spilleresch Manéier solle Jonker léieren, wat mat hiren Date geschitt a wéi si sech an hir Privatsphär schützen. Dëst iwwer sougenannte Webtoons – also interaktiv Bande-dessinéeën, Spiller a Quizfroen.
    7 min
  • D'Galiounsfigur vum Widderstand géint Rëmerschen
    Haut (10.6.) hätt d'Elisabeth Kox-Risch 100 Joer kritt. Hirem Asaz ass et zu engem gudden Deel ze verdanken, datt keen Atomkraaftwierk op d'Musel stoe koum. Den Owend gëtt zu Peppeng eng Strooss no hir benannt. Den Henri Kox, dat 10. vun hiren 11 Kanner, erënnert (sech) u seng Mamm.
    15 min
  • Filmtipp: A bras-le-corps
    Deen neie Film vun der Marie-Elsa Sgualdo zeechent de Portrait vun enger staarker Fra an engem Ëmfeld, dat vun Hypokrisie gepräägt ass.
    3 min
  • EU-Migratiouns- an Asylpak: D'Deadline leeft dës Woch of
    An der Chamber gëtt haut um Dënschdeg iwwer verschidde Gesetzesprojeten ofgestëmmt, déi dofir suergen, datt den europäesche Pakt fir d’Migratioun an den Asyl zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn.
    Dee Vott kënnt kuerz éier dee Pak soll den 12. Juni, also dëse Freideg, an alle 27 Länner vun der Europäescher Unioun a Kraaft trieden. Den EU-Kommissär fir d’Migratioun, de Markus Brunner, huet vun där komplexster Asylreform an der Geschicht geschwat.
    Wat genee ännert sech konkreet duerch dësen EU-Migratiouns- an Asylpak? A wéi realistesch ass et, datt d’Reform wierklech Enn der Woch ëmgesat gëtt?
    Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
    8 min
  • Loyer ass net gläich Loyer: Nei Enquête gëtt Detailer zu der Präisstruktur
    D’Loyeren hei zu Lëtzebuerg si staark heterogen: et gëtt grouss Ënnerscheeder queesch duerch d’Land, Typ vu Wunneng a Surface. Zu där Conclusioun kënnt den Observatoire de l’habitat an enger neier Analys iwwer d’Loyerspräisser. Den Observatoire hat dofir 2025 eng Ëmfro u ronn 28.000 sougenannte “Multiproprietären” erausgeschéckt, knapp e Fënneftel dovun hate geäntwert. De Julien Licheron, Fuerscher beim Liser a beim Observatoire de l’habitat, gëtt Explikatiounen zu de Conclusiounen.
    13 min
  • Gratis juristesch Berodung zu Esch
    Vun elo u proposéiert de Barreau och zu Esch e Service d’accueil et d’information juridique, wéi et e schonn an der Stad gëtt a geschwënn och nach op 4 anere Plaze gi soll. Explikatioune vum Bâtonnier Albert Moro
    9 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag