Am August oder am September gebuer sinn: Dat ass jo eigentlech kee risegen Ënnerscheed. Géif ee mengen. Wat déi schoulesch Leeschtung ubelaangt, kann et awer en enormen Impakt hunn. Den 1. September, dat ass hei am Land de Stéchdatum fir d’Aschoulung: Wien duerno gebuer ass, wäert e Joer verspillen - an ass a senger Entwécklung deemno e ganzt Joer méi wäit, wéi en anert Kand, dat den 31. August dat Joer drop gebuer gouf. Trotzdeem ginn déi zwee zesummen ageschoult. Dat kann de ganze Rescht vu senger schoulescher Karriär beaflossen. Zu där Conclusioun kënnt eng nei Etude vum LISER.