Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Vun Arbitterkamera bis Zäitspill: Wat sinn déi nei Reegelen op der WM?
    U wat denkt Dir als éischt, wann Dir un de leschte grousse Fussball-Tournoi, nämlech d’EM virun 2 Joer an Däitschland, zeréckdenkt? D’Chancë si grouss, datt et dem Spuenier Cucurella säin “Hands” an der Véierelsfinall géint Däitschland war. E perfekt Beispill dofir, wéi Arbitterdecisiounen an d’Reegele selwer an de sportleche Mëttelpunkt réckelen. Wéi eng Reegelen dëst Joer bei der WM dobäikommen, erkläert eis de Jo Diseviscourt, dee mam Chef vun de Lëtzebuerger Arbitteren, dem Alex Krüger, geschwat huet. Och doriwwer, wéi een iwwerhaapt WM-Arbitter gëtt.
    6 min
  • "Die Landpartie": d'Geschicht vun engem Bild
    Et ass d’Geschicht vun engem Bild, dat an den 1930er Joere vun den Nazie geklaut gouf, deem säi rechtméissege Proprietär nom Krich net direkt konnt identifizéiert ginn, dat du wärend laange Jore verschwonne war, éier et nees opgetaucht ass, dat awer ëmmer nach a friemen Hänn ass. Eng verwuerelt Geschicht, déi och e Lien mat Lëtzebuerg huet, well d’Bild dem Grousspapp vum Gerd Klestadt gehéiert huet. An dee Gerd Klestadt, deen zu Bergen-Belsen am KZ war, huet eng laang Zäit zu Lëtzebuerg gelieft, an hien ass och vill doruechter a Schoulen iwwer seng Zäit am Konzentratiounslager schwätze gaangen. E Buch iwwer hien, dat hei am Land erauskoum, spillt och eng net onwesentlech Roll an der Geschicht, déi de Maurice Molitor verzielt.
    7 min
  • Reebësch Fong TFFF
    De Fong mam Numm Tropical Forest Forever Facility, kuerz TFFF, wäert zu Lëtzebuerg ugesidelt sinn. Dat huet de brasilianeschen Ausseminister d’lescht Woch op de sougenannte Klima-Finanz-Deeg an der Philharmonie um Kierchbierg annoncéiert. Den internationale Fong huet zum Zil Länner, déi hire Reebësch erhalen, dofir ze remuneréieren. Wéi dat genee fonctionéiere soll, erkläert den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes.
    5 min
  • António José Seguro sicht de Kontakt mat de Portugisen zu Lëtzebuerg
    Dräi Deeg laang war de portugisesche President António José Seguro fir eng offiziell Visitt zu Lëtzebuerg, wou hien op gläich 3 Plazen d’Geleeënheet hat a Kontakt ze komme mat der portugisescher Communautéit. Ee Samschdeg gouf et zu Diddeleng een Empfang, an der Philharmonie stoung e Concert a Presenz vun der groussherzoglecher Koppel um Programm an am Artikuss zu Zolwer gouf et méi eng waarmhäerzeg Renconter mat de Kanner, déi zu Lëtzebuerg portugisesch Coursë suivéieren.
    6 min
  • Premièresexamen am Lëtzebuergeschen
    Am Lycée Michel Rodange an der Stad gouf gëschter deen éischte Premièresexamen am Lëtzebuergesche geschriwwen. 150 Minutten haten d’Schüler:innen Zäit fir eng literaresch Dissertatioun ze schreiwen. Um Programm stoungen dat ganzt Joer iwwer zwee Theaterstécker an e Buch. Wéi et de Schüler:innen nom Exame gaangen ass a wéi et mam Pilotprojet weidergeet huet d’Sté Bisenius am Lycée um Geesseknäppchen nogefrot.
    6 min
  • Gëtt de séieren Tram ze lues?
    An der Mobilitéitskommissioun vun der Chamber gouf z. B. vum LSAP-Deputéierten Yves Cruchten kritiséiert, datt speziell den Arrêt beim GridX d'Dauer vum Trajet onnëtz verlängert.
    10 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag