Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Stammzellespenden: Vill potentiell Donateuren decidéieren sech dergéint
    D’Associatioun Don de Moëlle schwätzt vun engem gravéierende Problem, dee Mënscheliewen op d’Spill géif setzen. D’lescht Joer wieren 204 Persounen aus dem Spenderegëster ugeruff ginn, well et e Match ginn hätt mat engem Leukemie-Patient. Dovu wier all Drëtte guer net ze erreeche gewiescht a ronn 13 Prozent hätten eng Spend refuséiert, gëtt d’Sekretärin vun der Associatioun Pia Gorza un. Wat sinn d'Grënn fir déi vill Refusen?
    0 min
  • EU-Parlament kämpft géint de Phenomeen vum eidele Plenarsall
    Ee Parlament an deem d’Deputéiert an der Plenière virun engem bal eidele Sall schwätze verdéngt säin Numm wuel kaum. Am Europaparlament awer ass dat souzesoen Alldag: An de Sitzungen an der Plenière si vun de 720 Europadeputéiert dacks just 30 bis 40 Leit oder nach manner present.
    Doriwwer, wéi dat ka geännert ginn an och, wéi kann dofir gesuergt ginn, datt am Plenarsall méi Debatten entstinn, gëtt am Parlament scho méi laang diskutéiert
    Allerdéngs bis elo ouni grousse Succès - elo soll en neie Versuch gestart ginn.
    D’Danièle Weber iwwer de Versuch, eng nei Dynamik an déi parlamentaresch Debatten ze bréngen.
    6 min
  • Wéi vill fëmmen d'Lëtzebuerger:innen?
    Ronn een Drëttel vun den Awunner:innen iwwer 16 Joer fëmme reegelméisseg oder heiansdo - a gräifen dacks schonn a jonkem Alter zur Zigarett. Explikatioune vun der Fondation Cancer
    5 min
  • Wéi setzt ee sech als Fra um Bauerenhaff duerch?
    2026 gouf vun de Vereenten Natiounen als internationalt Joer vun der Fra an der Landwirtschaft deklaréiert. Zil ass et, fir hir Roll an der globaler Agrarwirtschaft an Ernährungssécherheet ervir ze hiewen. Ma wéi ass d'Situatioun eigentlech hei am Land? Wéi ass et, als Fra an engem Secteur ze schaffen, deen traditionell als Männerdomän ugesi gëtt? D'Paule Rodesch war op Schëtter op den Haff "A Schmatten", deen d'Christine Hoffmann zesumme mat hirem Mann leet.
    12 min
  • 30. Mee 1976: Explosioun am Pafendall mat 3 Doudegen
    Zu Zéisseng war deemools Bensinn an d'Kanalisatioun gelaf amplaz an en Tank. Am Pafendall, um déifste Punkt vun der Stad, hu sech d'Gase konzentréiert an et koum zur Explosioun: Nieft den 3 Doudesaffer goufen nach 21 Leit verwonnt ginn; donieft goufe 17 Haiser zerstéiert. Joren duerno gouf de Quartier nei opgebaut.
    5 min
  • 41 Joer Heysel - Wéi ass et mat der Sécherheet am Stade de Luxembourg?
    41 Joer sinn et op den Dag hier, datt bei der Stadionkatastroph vun Heysel an der Belsch 39 Mënschen ëm d'Liewe koumen. Wéi gesinn hautdesdaags d'Sécherheetsbestëmmungen a Stadien aus? A wéi ass de Stade de Luxembourg op méiglech Katastrophe virbereet? Dat huet de Jo Welfringer am Gespréich mam Architekt vum Lëtzebuerger Stadion, dem Jörg Greuel, erausfonnt.
    8 min
  • Viktoria or not Viktoria?
    Froen un de Guy Reiter, President vum FC Viktoria Rouspert, am Virfeld vun der Coupe-Finall mar géint den Titelverdeedeger FC Déifferdeng 03.
    9 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag