Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Laachgas: och zu Lëtzebuerg beléifte Partydrog
    Laachgas gëllt an eisen Nopeschlänner mëttlerweil als beléifte Partydrog a gëtt dowéinst do scho méi laang reegelméisseg thematiséiert. Aus klengen oder grousse Cartouche gëtt dee Laachgas inhaléiert, virun allem vu Jonken. An de Phenomen gëtt et och hei zu Lëtzebuerg. De Moris Garzaro huet sech domat beschäftegt a gekuckt wéi d’Lag am Land ass a wat d’Risike vum Konsum kënne sinn.
    0 min
  • Sträit ëm e 5G-Potto zu Haler an der Gemeng Waldbëlleg
    Zanter Dezember steet zu Haler/Gemeng Waldbëlleg en 42m héije 5G-Potto. E puer Bierger si géint dee Bau (aus gesondheetlechen, wirtschaftlechen an ästhetesche Grënn) a contestéieren dee virum Tribunal administratif. D'Cour administrative hat zejoert an engem änleche Fall engem Telefonsoperateur Onrecht ginn, well déi gesamt Leeschtung vun all den Operateuren um Potto u sech eng Enquête publique hätt missen no sech zéien. Dozou war et awer bei deem Projet um Briddel net komm, an et koum zu Haler och net dozou...
    0 min
  • 70 Kilometer zu Fouss fir op d'Sprangpressessioun
    All Joer huelen eng 9.000 Sprénger un deem traditionelle Rendez-vous op Päischtdënschdeg deel a “sprange” bis an d’Basilika, bei d’Graf vum hellege Willibrord. A mat derbäi ass och all Joer e Grupp Pilger aus der Westeifel a Rheinland-Pfalz. Zanter e Sonndeg sinn si ënnerwee: Zu Prüm ass et lassgaangen, de Muere fréi sinn si bei der Iechternacherbréck zu Bollendorf ukomm. Ee vun hinnen ass den Ernst Meyer an hie verzielt eis e wéineg méi iwwert dee 70 Kilometer laange Foussmarsch.
    0 min
  • Cannes 2026: Filmesches & Politesches
    Wéinst der Tribün "Zapper Bolloré" huet de Filmfestival eng ganz politesch Nues kritt. De Jeff Schinker schwätzt doriwwer an iwwer d'Filmer, déi hien impressionéiert hunn.
    8 min
  • Aktiounspläng géint Kaméidi

    D'Regierung huet kierzlech 5 Aktiounspläng géint de Kaméidi guttgeheescht. De Luc Buttel vun der Ëmweltverwaltung erkläert, wéi se zustan koumen a wat dra steet.

    10 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag