Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • D'Endlechkeet a Wieder faassen
    D'Myriam Schmit ass zanter Kuerzem Trauerriednerin. Wéi ass et dozou komm, wéi geet si mam Doud ëm, a wéi fënnt een déi richteg Wieder fir enger Persoun gerecht ze ginn?
    0 min
  • D'Endlechkeet a Wieder faassen
    D'Myriam Schmit ass zanter Kuerzem Trauerriednerin. Wéi ass et dozou komm, wéi geet si mam Doud ëm, a wéi fënnt een déi richteg Wieder fir enger Persoun gerecht ze ginn?
    0 min
  • 100.000 Euro fir d'Iddie vun de Bierger:innen
    Spillplazen, Wanderweeër oder e lokale Maart: D'Bierger:innen hu vill Iddien, fir hir Gemengen ze verschéineren. Mam Instrument vum Budget participativ hunn si op ëmmer méi Plazen elo d'Geleeënheet, esou Iddien anzereechen. Mee wéi funktionéiert dat a wat fir konkreet Resultater koume bei dëser Form vu Biergerbedeelegung zu Lëtzebuerg schonn eraus?
    5 min
  • Virum Etat de la Nation
    Wat ass ze erwaarde vun der Ried vum Premier de Mëtteg an der Chamber? Kann hie virun der Tripartite konkret Annoncë maachen? De Maurice Molitor huet sech déi Froe gestallt.
    8 min
  • Lëtzebuerg zu Cannes: Vun der Palme d'Or zum Krisemanagement
    Virun engem Joer ass um 78. Festival de Cannes mam Jafar Panahi säin “It Was Just an Accident” eng Lëtzebuerger Koproduktioun mat der Palme d’Or ausgezeechent ginn. Ee Joer drop schéngt et der Filmindustrie zu Lëtzebuerg finanziell allerdéngs net besonnesch gutt ze goen: eng Produktiounsfirma huet Faillite gemaach an d’Studioen am Filmland maachen zou. D’Stëmmung um Lëtzebuerger Dag um Samschden op der Croisette war dowéinst och liicht méi bedréckt, wéi soss. De Jeff Schinker war fir eis op der Platz an huet sech mam Kulturminister Eric Thill an dem Guy Daleiden, Direkter vum Film Fund, iwwert déi schwiereg Situatioun a méiglech Ausweeër ënnerhalen.
    0 min
  • Firwat scheitert Lëtzebuerg beim Gewässerschutz?
    Lëtzebuerg huet am Gewässerschutz "Null Prozent vu sengen Ziler" erreecht. Dat sot den Direkter vun der Waasserverwaltung, Marc Hans, uganks des Joers an engem Interview. Wat leeft schif a wéi kéint een dës wäertvoll Ressource besser schützen? Fir doriwwer ze schwätzen huet d'Pia Oppel dem Marc Hans zu Walfer op enger Bréck iwwert der Uelzecht Rendez-Vous ginn.
    0 min
  • En Nei-Ufank ënnert anerem Numm
    D'Cavem mécht hir Dieren haut nees op. D'Luxembourg Music School huet d'Gebai zu Bouneweg iwwerholl. Mir froen den Direkter Ralf Trebing, op a wat sech zukünfteg ännert.
    0 min
  • Observatoire social Diddeleng
    Diddeleng ass mat iwwer 22.000 Awunner déi véiert gréisste Stad hei am Land. Tëschent den Awunner grad ewéi tëschent de Quartieren an der Südgemeng, ginn et awer relativ grouss Ënnerscheeder, wéi den Observatoire social, deen d’Gemeng zesumme mam Fuerschungsinstitut LISER ausgeschafft huet, elo weist. De But vun dësem Observatoire social wier et, d’Besoinen an och d’Potential vun der Gemeng besser aschätzen ze kënnen.
    0 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag