Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • De Gast Waltzing feiert 70 Joer
    Den Klassiksender Opus bréngt Iech dëse Mëttwoch den 13. Mee 2026 ee ganz besonnesche Concert heem an d'Stuff.
    : Gast Waltzing & Guests - Live ab 19:30 Auer
    De Lëtzebuerger Komponist a Museker Gast Waltzing feiert säi 70. Gebuertsdag. Musikalesch bléckt hien op iwwer 55 Joer Karriär zeréck. Hien invitéiert dofir eng Rei Kënschtler, mat deenen hien zesummegeschafft huet, op d'Bün. Hie selwer dirigéiert dobäi d'Lëtzebuerger Philharmoniker, déi och well iwwer dräi Joerzéngte mam Gast Waltzing zesummeschaffen.
    0 min
  • ESC: Wéi neutral sinn d'Jurye wierklech?
    Wien den ESC scho scho méi laang suivéiert, dee kennt d’Debatte ronderëm de Jury-Voting: opfälleg Punkteverdeelungen tëschent bestëmmte Länner, däitlech Ënnerscheeder mat dem Publikums-Voting, a reegelméisseg Froen iwwer Transparenz an Onofhängegkeet vun de Jury-Memberen. Ma wéi funktionéiert dee System genau?
    0 min
  • Kann Europa ouni Atomenergie auskommen?
    Wou soll zukünfteg eis Energie hierkommen? Kloer ass, datt een sech wëll manner ofhängeg maache vu Partner ausserhalb der EU. D’Geeschter scheeden sech awer bei der Fro op mer eis reng op erneierbar Energiequelle solle verloossen – oder op weiderhin op Atomenergie soll gesat ginn? Em déi Fro geet et och den Owend op enger Konferenz am Cercle an der Stad, zu där d’ADR invitéiert. Gaaschtriednerin ass do d’Dr Kristina Schröder. Si war Bundesministesch an der Regierung vun der Angela Merkel, wéi Däitschland den endgültegen Atomausstig decidéiert huet. Haut seet si, dat wier e strategesche Feeler gewiescht.
    15 min
  • Keng Tripartite wéi déi aner
    “Une tripartite pas comme les autres”: sou iwwerschreift de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen deen neisten Artikel a sengem Blog. Wat mengt hien domat?
    8 min
  • Jonker um Aarbechtsmarché: "Future Generation" geet an déi zweet Editioun
    An Zäiten, an deenen de Chômage klëmmt, sinn déi Jonk mat ëmmer méi Defise konfrontéiert fir e Fouss an der Beruffswelt ze faassen. Dofir huet d’Organisatioun Youth and Work d’Initiative “Future Generation” an d’Liewe geruff. An dee Projet geet elo an déi zweet Ronn. Wat sinn d’Defisen vun de Jonken a wéi kréien si mat deem Projet gehollef?
    0 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag