Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wéi geféierlech ass den Hantavirus?
    Gëschter huet d’Croisièresschëff MV Hondius, op deem den Hantavirus ausgebrach ass, op Teneriffa ugeluecht. Ennert strenge Sécherheetsmesurë sinn d’Passagier an en Deel vum Equipage vum Schëff evakuéiert, ausgeflunn an a Quarantän bruecht ginn. All Leit déi u Bord ware gëllen als Héichrisiko-Kontaktpersounen. Et hat dräi Doudesfäll a Verbindung mam Ausbroch vum Virus um Schëff ginn. D’Weltgesondheetsorganisatioun huet Entwarnung ginn: Zu enger neier Pandemie wäert et wuel net kommen, ma vill Leit maachen sech trotzdem Suergen. Wéi geféierlech ass dësen Ausbroch, doriwwer schwätze mir mam Virolog Claude P. Muller vum Luxembourg Institute of Health.
    0 min
  • Drock op de Keir Starmer
    Nom desastréise Labour-Resultat bei de Kommunal- a Regionalwalen a Groussbritannien, gëtt den Drock op de brittesche Premier ëmmer méi grouss. D'Analys - vu London - vun eiser Korrespondentin Claire Barthelmy.
    0 min
  • Doku-Podcast: Wat steet engem Retour vum Saumon am Wee?
    An den 1950er Jore gouf hei am Land de leschte Saumon gesinn. Fréier konnt een dëse Wanderfësch tonneweis an der Uelzecht fänken. Kéint e Retour vum Saumon geléngen, wa Lëtzebuerg seng waasserpolitesch Hausaufgaben erleedegt? Ee Gespréich mam Pia Oppel iwwer déi lescht Episod vun eiser Zeenewiessel-Serie iwwer d'Uelzecht
    0 min
  • Biennale vu Venedeg
    Vum Zodi wéinst der Participatioun vun Israel a Russland bis bei de Lëtzebuerger Pavillon: de Marc Clement mellt sech vun der Plaz.
    7 min
  • Wéi steet et ëm d'Lëtzebuerger Sprooch?
    Dat froe mir d'Laureatin vum Nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch, Jackie Messerich. Si gëtt zanter iwwer 30 Joer Lëtzebuergeschcoursen an entwéckelt och neit Léiermaterial.
    10 min
  • Zu Steesel gëtt d'Uelzecht elo net weider renaturéiert
    D'Uelzecht soll zu Steesel renaturéiert ginn. Dat mam Zil fir d'Gewässerqualitéit an den Héichwaasserschutz ze verbesseren. Virun 3 Joer ass ee gréissere Projet annoncéiert ginn, zesumme mat der Regierung, der Gemeng an der Europäescher Investitiounsbank. Elo ass een éischte klengen Tronçon fäerdeg. Ob a wéini de gesamte Projet kéint ofgeschloss ginn, ass ongewëss. De Moris Garzaro huet sech op der Plaz mat der Steeseler Buergermeeschtesch getraff, fir doriwwer ze schwätzen.
    5 min
  • Neie Wand am Schengenmusée
    Virun engem Joer gouf de Musée restauréiert, zanter engem Mount huet en och eng nei Direktesch. Wat sinn der Marlene Schmidt hir Pläng fir de Musée iwwert d'Europa ouni Grenzen?
    7 min
  • Onsécher Zukunft fir d'Loftqualitéit
    Sougenannt ZFE - Zones à Faibles Emissions - sinn a Frankräich Zonen, an deene just Autoen zirkuléieren dierfen, déi gewëss Seuile bei der Loftverschmotzung net iwwerschreiden. Leschte Mount awer goufen dës Zonen am Hexagon duerch e Gesetz vun der Droite suppriméiert - mat gravéierende Konsequenze fir d’Ëmwelt an d’Gesondheet.
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag