Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • PAK 43: Relikt vun der Ardennenoffensiv
    Wien u Militärgeschicht interesséiert ass, ka sech neierdéngs eng frësch restauréiert däitsch Panzerabwehrkanone vum Typ PAK 43 op Ëlwen ukucke goen. De Maurice Molitor huet sech mam Hobby-Historiker Daniel Reiland a mam Ëlwener Schäffe Guy Henckes iwwer déi beweegte Geschicht vun deem Geschütz ënnerhalen.
    13 min
  • Privatschoulen: ee "blanne Fleck" am Schoulsystem
    1 vu 7 Schüler:innen geet net an eng ëffentlech Schoul. Privatschoulen droen zwar zu enger méi diverser Offer bäi - hunn awer keng divers mee éischter eng privilegéiert Schülerschaft, esou ee Rapport vum nationalen Observatoire fir Kandheet, Jugend a Schoulqualitéit.
    4 min
  • Immigratioun - Héich Maueren eleng ginn net duer
    D’Zuele vun de Leit, déi ouni Autorisatioun an d’EU areesen, gi kontinuéierlech erof. Net well manner Leit op der Flucht wieren, mee well d’EU an hir Memberlänner de Wee fir eran ëmmer méi schwéier maachen. Repressioun eleng, ouni alternativ Immigratiounsméiglechkeeten, bleift kuerzsiichteg Politik a stellt keng nohalteg Léisung duer, mengt de Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist, a sengem Fräie Mikro.
    0 min
  • Landwirtschaft a Gewässerschutz am Aklang?
    Zu Lëtzebuerg landen nach ëmmer ze vill Pestiziden an Dünger an de Gewässer. Fir iwwer Ursaachen, Léisungen a Contrainten ze schwätzen, mellt d'Pia Oppel sech live vum Rommeschterhaff zu Steesel. Fir ee Gespréich mam Landwirt Charel Cannivé, der Waasserschutzberoderin Lena Rodenbusch, an dem President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn
    23 min
  • Zwee nei Formater, Amtsuntrëtt vum Martin Rajna, Beethoven-Jubiläum
    Een neit Format gëtt Lëtzebuerger Museker:inne gewidmet, en anert neit Format fënnt a kengem vun de Concertssäll vun der Philharmonie statt. Dem Beethoven säin 200. Doudesdag dominéiert programmatesch zimmlech staark an der Saison 26/27 vun der Philharmonie. Deen neie Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, de Martin Rajna, wäert een Drëttel vun all senge Concertsprogrammer an der Philharmonie dem Beethoven widmen. Säin Amtsuntrëtt mécht hien allerdéngs mat Kurtàg, Bartók a Mahler. Hien huet och verroden, firwat hie grad dës Komponiste fir säin éischte Concert als Chefdirigent den 2. Oktober erausgesicht huet.
    6 min
  • Gesondheetspolitik
    De Mëtteg ass d'Fréijoers-Quadripartite an där d'Prestatairen, d'Sozialpartner an d'Vertrieder vum Staat iwwer néideg Spuermesurë vun der CNS decidéieren. Den Defizit vun der CNS gëtt ëmmer méi grouss, dat ass kee Geheimnis. Wat kann ee sech erwaarden?
    8 min
  • EU-Kommissioun seet Nee zu gemeinsame Mesurë géint Energiekris
    Verschidde grouss Länner vun der Europäescher Unioun sinn der Meenung, datt d’EU sollt zesummen op d’Energiekris reagéieren. Si fuerderen zum Beispill eng zousätzlech Steier op exzeptionell Gewënner fir Energie-Entreprisen oder méi labber Budgetsreegelen, fir Investitioune méi einfach ze maachen.
    Bréissel awer wénkt of. D’EU-Kommissioun wëllt den Ament keng gemeinsam europäesch Mesurë proposéieren.
    Dat waren déi kloer Wierder vum zoustännegen EU-Kommissär Valdis Dombrovskis.
    D’Danièle Weber iwwer d’Diskussiounen, déi ënner den EU-Finanzministere geféiert gouf.
    5 min
  • STATEC: Populatioun wiisst weider, awer ëmmer méi lues
    Déi neisten demographesch Zuele soen, datt op den 1. Januar 2026 méi wéi 690.000 Leit zu Lëtzebuerger gelieft hunn. Dat waren der knapp 10.000 méi wéi d'Joer virdrun. Dee Wuesstem wier zu 87 Prozent op d'Migratioun zeréckzeféieren, erkläert de Charlie Klein vum STATEC.
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag