Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wéi schwéier ass et am Moment d'Leit zum Spenden ze beweegen?
    D’lescht Woch huet d’Croix-Rouge hiren traditionelle Mois du Don, de Mount vun der Spend, lancéiert. Dëst Joer stinn d’Aarmut an déi sozial Exklusioun am Mëttelpunkt vun der Campagne. D’Spende si generell fir Hëllefsorganisatiounen e wichtegt Standbeen - e Standbeen dat nom Skandal ronderëm de Finanzbedruch bei der Caritas op ville Plazen agebrach ass. Wéi schwéier ass et am Moment d’Leit zum spenden ze beweegen? Dat froe mir d’Fundraising-Direktesch vun der Croix-Rouge Dominique Hansen.
    4 min
  • Premières-Examen ouni Gefuddels: geet dat nach?
    D'APESS huet Bedenken, ob am Zäitalter vun de moderne KI-Technologien nach e korrekten Oflaf vun den Exame ka garantéiert ginn. De Gilles Everling, President vun der Proffegewerkschaft, erkläert och firwat seng Orgnisatioun der Meenung ass, datt déi sougenannt “smart school” eng Gefor fir d’Gesondheet vu Schüler:innen an Enseignanten ass.
    15 min
  • Wéi gëtt e Site zum UNESCO-Weltkulturierwen?
    An den nächste Jore soll bei der UNESCO eng Kandidatur déposéiert ginn, fir d’Schiferlandschaft zu Uewermartel an d’Lëscht vum Weltkulturierwen opzehuelen. Dee Prozess gouf gëschter um Site vun de Schifergrouwen an der Gemeng Rammerech offiziell lancéiert. D’Paule Rodesch huet sech méi am Detail mat de Modalitéiten dovu beschäftegt.
    7 min
  • Éiwegkeetschemikalien: Wéi wäit soll ee Verbuet goen?
    PFASen, déi sougenannten Éiwegkeetschemikalien, gi villsäiteg genotzt. Si accumuléiere sech am Waasser, an de Biedem an och am mënschleche Kierper. A si bréngen eng ganz Rei gesondheetlech Risike mat sech. An der EU kéint d'Notze vun dëse Chemikalien dowéinst massiv ageschränkt ginn. Wéi wäit dës Restriktioune solle goen, ass awer nach ëmstridden. D'Pia Oppel huet doriwwer mam Gaston Trauffler vun der Industrielle-Federatioun FEDIL, der grénger Europadeputéiert Tilly Metz a mat der Christine Hermann vun der ONG Europäeschen Ëmweltbüro geschwat.
    6 min
  • Ass d'Erfaassung vun Handydate konform mam Dateschutzgesetz?
    D'Stater Gemeng huet vun Editus anonymiséiert Donnéeë kritt vun de Visiteuren an der Stad, fir ë. a. Beweegungsflëss kënnen nozevollzéien. Wat seet d'Dateschutzkommissioun dozou? Mir hu beim Kommissär Florent Kling vun der CNPD (Commission nationale pour la protection des données) nogefrot.
    7 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag