Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Bilan vum ESC 2026
    Wéi politesch war den ESC dëst Joer a wéi huet sech Lëtzebuerg placéiert? D'Sophie Schroeder mat enger Analys.
    0 min
  • Lëtzebuerg zu Cannes: Vun der Palme d'Or zum Krisemanagement
    Virun engem Joer ass um 78. Festival de Cannes mam Jafar Panahi säin “It Was Just an Accident” eng Lëtzebuerger Koproduktioun mat der Palme d’Or ausgezeechent ginn. Ee Joer drop schéngt et der Filmindustrie zu Lëtzebuerg finanziell allerdéngs net besonnesch gutt ze goen: eng Produktiounsfirma huet Faillite gemaach an d’Studioen am Filmland maachen zou. D’Stëmmung um Lëtzebuerger Dag um Samschden op der Croisette war dowéinst och liicht méi bedréckt, wéi soss. De Jeff Schinker war fir eis op der Platz an huet sech mam Kulturminister Eric Thill an dem Guy Daleiden, Direkter vum Film Fund, iwwert déi schwiereg Situatioun a méiglech Ausweeër ënnerhalen.
    0 min
  • ESC: Lëtzebuerg an der Halleffinall erausgeflunn
    Nodeems de Grand-Duché sech zwee Joer hannertenee fir d'Finall vum ESC qualifizéiere konnt, ass et fir d’Sängerin Eva Marija gëschter Owend net duergaangen. Wouru kéint dat geleeën hunn a wéi geet et elo weider? Doriwwer schwätzt d'Sophie Schroeder live zu Wien mam Delegatiounschef David Gloesener.
    0 min
  • Wéi eng Industrie déi ganz Gesellschaft geformt huet
    Um Site vun der aler Metzeschmelz zu Esch-Schëffleng fënnt een de Schmelzaarbechtermusée, deen 2015 seng Dieren opgemaach huet. D'Industrie an de Beruff hunn d'Lëtzebuerger Gesellschaft nodréiglech beaflosst. Mir huelen iech mat op en Tour duerch de Musée, zesumme mat sengem President Alain Günther.
    De Schmelzaarbechtermusée ass ee vu 36 Muséeën déi een dëse Weekend gratis ka besiche goen am Kader vun de Luxembourg Museum Days.
    0 min
  • Ausverkaaften Nuets-Marathon an der Stad
    Egal ob zu London, Paräis oder New-York, all Jores gi bei de Marathonen uechtert d’Welt méi Participanten un de Start. Mat 18.000 ugemellte Leefer a Leeferinne brécht och den ausverkaaften Nuets-Marathon muer all d’Rekorder. De Grosv un de Leefer sinn awer keng Profi-Sportler, mee Amateuren déi nieft der Schaff oder der Schoul de Marathon - respektiv de Semi packe wëllen. Ass lafe goe mëttlerweil zu engem kommerzialiséierten Hype ginn?
    5 min
  • Europäesch Arméi: Nach ëmmer keng konkret Diskussioun wäert
    Soll d’EU eng eegen, eng Europäesch Arméi op d’Bee stellen? Iwwert déi Iddi gëtt an der EU ëmmer nees diskutéiert. Och de Lëtzebuerger Premier huet se schonn e puer Mol an d’Spill bruecht.
    D’Annonce vun den USA, massiv Truppen aus der EU ofzezéien, huet de Sujet nees op den Dësch bruecht. D’EU misst op dee Réckzuch duerch d’Opstelle vun enger europäescher Trupp äntwerten, fënnt zum Beispill den EU-Kommissär fir d’Defense, den Andrius Kubilius.
    Ma säin Appell ass net op Begeeschterung gestouss. Och net bei der Lëtzebuerger Arméisministerin.
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag