Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • EU - US Deal: Wéi eng Konditioune stellt d'EU?
    Den ëmstriddenen Deal tëscht den USA an der EU iwwert Douanestaxen ass eng Etapp weider - nodeems d’Europaparlament an d’Memberlänner an der Nuecht vun e Denschdeg op e Mëttwoch ee politeschen Accord fonnt hunn.
    D’Parlament hat insistéiert, datt beim Accord, deen d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen am Summer zejoert a Schottland mam amerikanesche President Donald Trump ofgemaach huet, misst nogebessert ginn.... an huet sech um Enn domat duerchgesat.
    Den Deal soll ëmgesat ginn, allerdéngs ënnert bestëmmte Konditiounen.
    Wéi eng sinn dat? An ass deen Accord, dee virgesäit, datt fir d’USA europäesch Douanestaxen gréisstendeels ewech falen, elo besser? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
    8 min
  • Uni.lu: ass déi akademesch Fräiheet a Gefor?
    D'Diskussioun ëm 5 Fuerschungsprojeten, déi eng finanziell Hëllef fir d'éischt zougesot an du wéinst engem presuméierten Interessekonflikt nees ofgesprach kruten, werft Froen op. Explikatioune vum Maurice Molitor.
    0 min
  • Ebola-Ausbroch
    D'Weltgesondheetsorganisatioun huet wéinst dem Ebola-Ausbroch am Kongo den internationale Gesondheetsnoutstand ausgeruff. Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg? Froen un de Santés-Direkter Jean-Claude Schmit.
    0 min
  • „De Premier ass de Premier“
    D'lescht Joer sinn d'Biergerinnen an d'Bierger vun dësem Land nom Luc Frieden sengen Ukënnegungen zur Rentereform an der Ried zur Lag vun der Natioun en masse géint hien an d'Politik vu senger Regierung op d'Strooss gaang. Sondage no Sondage verliert hien zanterhir, a mat him seng Partei a seng Regierung, un Zoustëmmung. Wéi d'lescht Joer kommentéiert den Denis Scuto an sengem Fräie Mikro den Etat de la nation 2026.
    0 min
  • E Fluchhafen dee sech fir Biodiversitéit asetzt - Geet dat?
    E Fluchhafen a Biodiversitéit– Wéi passt dat zesummen? Op den éischte Bléck usech guer net. E Fluchhafen ass hart, produzéiert Ofgaser an e Fliger ka fir Déieren och mol déidlech sinn. Alles net dat wat een ënnert engem gudde Liewensraum fir Biodiversitéit versteet. An awer gëtt sech bei Luxairport agesat fir dës zwee Géigesätz sou gutt wéi méiglech beieneen ze bréngen
    0 min
  • Wat mécht Beienziichten am urbane Raum esou besonnesch?
    Ween un Hunnegbeien denkt, denkt dacks u wäit Gréngfläche mat ville Blummen, oder och e Bësch an allgemeng vill Natur. Manner dogéint un enk Stroossen, vill Trafic, an dicht bebaute Quartieren. Ma och an esou engem Ëmfeld kann ee Beien ziichten an Hunneg maachen. Een dee weess wéi et geet ass den Hugo Zeler. Zënter elo 7 Joer këmmert hien sech ëm Beievëlker am urbane Raum. Zur Occasioun vum Weltbeiendag, deen haut um 20.Mee gefeiert gëtt, war de Pit Beffort bei enger Visitt vun de Beiestäck dobäi. An dat op enger net ganz gewéinlecher Plaz.
    0 min
  • Christophe Hansen wëll de Bauere méi Sue ginn, awer net elo direkt
    Zanter datt d’Strooss vun Hormuz zou ass, schéissen d’Präisser fir Düngemëttel an d’Luucht: D’Baueren an Europa kréien d’Suitte vum Krich am Iran ganz konkret ze spieren. Si fuerdere méi Ënnerstëtzung vun der EU-Kommissioun.
    Déi awer reagéiert elo net direkt.
    Gëscht huet den zoustännegen EU - Kommissär fir d’Landwirtschaft, de Christophe Hansen, säin Aktiounsplang fir d’Düngemëttelen (dee scho méi laang geplangt war) presentéiert - Subside fir d’Bauere gehéieren do zwar dozou -si sollen awer réischt am Juni konkret op den Dësch geluecht ginn.
    Firwat net direkt a mat wat kënnen d’Bauere rechnen? Dat froe mir de Christophe Hansen am Interview.
    0 min
  • Wat brauch d'EU haut, Viviane Reding?
    D'CSV-Politikerin, déi dräi Mol EU-Kommissärin war, krut gëschter den Uerde fir Europäesch Meritten iwwerreecht. Mir froen si: Wat feelt der EU haut, wat se fréier hat?
    0 min
  • Analys nom Etat de la Nation: "Regierung a Premier wierke geschwächt"
    Wéi eng politesch Weiche wëll d'CSV-DP-Regierung déi nächst Méint a Jore setzen? A wéi eng Mesurë proposéiert si, wann et zu enger neier ekonomescher, sozialer a finanzieller Kris kënnt? Dat sinn Äntwerten, déi et gëscht an der Ried zur Lag vun der Natioun net goufen. De Premier Luc Frieden huet éischter zréckgekuckt wéi no vir. An dobäi huet hie geschwächt gewierkt. Dat ass d'Analyse vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck, wéi hien am Gespréich mam Christiane Kleer erkläert.
    0 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag