
Sign up to save your podcasts
Or


Een eventuelle Verkaf vu verschiddenen, bis elo onofhängegen serbesche Medien suergt den Ament fir Opreegung. Lëtzebuerg ass doran direkt involvéiert. Dat wëll de Propriétaire vun deene Medien säi Sëtz hei am Land huet an deemno och d’Konzessiounen hei verdeelt goufen. Een Zesummeschloss vun ONGen warnt vrun de Konsequenzen a mécht een Appell un d’Lëtzebuerger Autoritéiten, de Fall ze iwwerpréifen. Wéi reagéieren dann d’Lëtzebuerger Autoriéiten? A wat steet um Spill fir déi concernéiert Televisiouns-Chaînen an Online-Plattformen? D’Danièle Weber huet sech domat méi genee befaasst.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
Wéi geféierlech esou Loftwirbele kenne sinn, dat huet sech viru 7 Joer am Süde vum Land gewisen. Mee obwuel, oder villäicht grad well se esou geféierlech sinn – ginn et Leit, déi onbedéngt eng Kéier wëllen en Tornado mat eegenen Ae gesinn, an déi och ganz wäit dofir fueren. Zu hinne gehéiert och de Philippe Ernzer vu Meteo Boulaide.
From the publisher's feed