D'Dokteschassociatioun AMMD dreet domat d'Konventioun mat der CNS ze kënnegen. Fir den 8. Oktober huet se hir Memberen dofir fir eng ausseruerdentlech Generalversammlung zesummegeruff, e puer Deeg éier déi concernéiert Acteuren aus dem Gesondheetswiese sech an der Quadripartite gesinn.
Wat hält d'Gesondheetsministesch Martine Deprez (CSV) dovun? Si reagéiert bei eis am Interview.