Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Franséisch Alphabetiséierung: D'Viraarbecht leeft op Héichtouren
    An de Grondschoule sinn d’Preparatioune fir d’Aféiere vun der franséischer Alphabetiséierung dëst Schouljoer op Héichtoure gelaf. No der Summervakanz trëtt am September d’Reform da landeswäit an alle Grondschoulen a Kraaft. Fir ze gesinn, wéi déi organisatoresch Viraarbecht genee ofleeft, huet d’Pia Oppel engem Regionaldirekter bei der Aarbecht iwwer d’Schëller gekuckt.
    9 min
  • Kiemer Kannerrot wëllt méi Begréngung am Schoulhaff
    Méi Begréngung an der Stad ass en aktuellt politescht Theema – an och fir d’Kanner aus der Schoul Um Kiem um Kierchbierg spillt d'Begréngung eng grouss Roll. Si wënsche sech ënner anerem méi Beem a Gréngflächen am Schoulhaff. Am Kader vum KIKARO, dem Kiemer Kannerrot, hunn déi aacht gewielte Kannervertrieder:inne sech dat ganzt Schouljoer iwwer fir dëse Projet agesat an hir Propositioune bei der Gemeng virgedroen.
    4 min
  • Groussbritannie kritt en neie Premier
    De Kinnek Charles wäert deen neie Labour-Leader haut mat der Formatioun vun enger neier Regierung beoptragen. Mee wien ass dee Successeur vum Keir Starmer? Explikatioune vun eiser Korrespondentin Sara Menaï
    5 min
  • Fussball-WM - e Bilan
    De Manuel Cardoni, techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun, verréit, wéi hien d'Weltmeeschterschaft erlieft huet a wat hien dovun zeréckbehält.
    18 min
  • Bierger-Atelier ëm d'interkulturellt Zesummeliewen zu Schëffleng
    Et koumen originell Iddien eraus, fir d'Awunner:inne spontan dozou ze bréngen sech ze begéinen a besser kennenzeléieren. Proposéiert goufe Flyer an einfacher Sprooch, mee och ee Pool vu lokale Bierger:innen, déi mat hire Kompetenze kënnen hëllefen oder nach ee Schëfflenger Pass, mat deem ee kann am lokalen Handel Reduktioune kréien, wann een u villen Aktivitéiten deelhëlt.
    5 min
  • Pensiounsreform, Budget an Tripartite: wichteg Momenter an der Chamber
    An der Chamber sinn elo – am Prinzip – bal zwee Méint laang keng Plenièressitzunge méi. Déi lescht Sitzung virun der Summerpaus war virgëschter. E gudde Moment also fir op e puer wichteg Momenter aus de leschte Méint um Krautmaart zeréckzekucken, wéi zum Beispill op de Vott vun der Pensiounsreform, d’Debatten iwwer de Staatsbudget 2026 an den Tripartitesaccord.
    0 min
  • “Booster fir de Wunnengsbau”
    Ënner deem Slogan hunn den CSV-Finanzminister Gilles Roth an den DP-Logementsminister Claude Meisch gëschter 7 Mesurë virgestallt, déi de Wunnengsbau nees ukuerbele sollen.
    0 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag