Elo an der Summervakanz ginn natierlech vill Leit an d’Vakanz, och um Findel geet et grad hektesch hier. Dat ka fir Leit mat kierperlechen, mee och mat net siichtbaren Aschränkungen, eng grouss Erausfuerderung an en ustrengend Ëmfeld sinn. Fir deene Leit entgéintzekommen an hire Start an d’Vakanz méi einfach ze maachen, gëtt et zanter dëser Woch e besonnesche Wartesall, deen un déi spezifesch Bedierfnesser ugepasst ass.