PISA de Wëssensmagazin

PISA de Wëssensmagazin

By RTL Télé LëtzebuergNatural Sciences
Download on the App Store

PISA de Wëssensmagazin episodes

  • Déi faszinant Welt vun de Champignonen, 10/11/2019
    Obwuel een déi meescht net iesse soll. Vill Leit net frou si mat deenen déi iesse kann, Champignone spillen eng ganz wichteg Roll an eisem Liewen.

    Ouni Champignone géifen eis Bëscher am doudegen Holz a Blieder erstécken. Am Pisa weise mer wéi d’Pilzer alles zersetzen. Gi gewuer wourunner een erkenne kann wéi eng gëfteg sinn. Waren an enger grousser ënnerierdescher Champignon s Ziichterei. Gesinn firwat mer ouni Schimmelpilzer verschidde Liewensmëttel guer net hätten. An de Mister Science wëll Béier brauen. Mat Hief-Pilzer aus dem Baart.
    28 min
  • Zréck an d’Steenzäit, 06/10/2019
    Den Olivier Catani a Mister Science kréien en Abléck an d’Liewe virun 8.000 Joer.

    Et ass eng Zäit iwwert déi mer net vill wëssen. D’Liewe viru dausende vu Joren. An der Steenzäit.

    Dat meescht wat mer wëssen, hu mer duerch Saachen, déi Archeologe fonnt hunn. A vill dovun ass aus Steen. Duerfir och den Numm: Steenzäit.

    Den Olivier Catani a Mister Science loossen en Deel vun där Vergaangenheet zum Liewen erwächen. Si joen, kachen a kleede sech wéi virun 8.000 Joer. A maache sech op d’Spuere vum Loschbour-Mann. Dem eelste bal komplette Skelett vun engem Mënsch, dee jee zu Lëtzebuerg fonnt ginn ass.
    28 min

About PISA de Wëssensmagazin

From the publisher's feed

Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.

More shows like PISA de Wëssensmagazin

Streitkräfte und Strategien by NDR

Streitkräfte und Strategien

44 Listeners

Terra X History - Der Podcast by ZDF - Terra X

Terra X History - Der Podcast

7 Listeners