Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.... more
FAQs about PISA de Wëssensmagazin:How many episodes does PISA de Wëssensmagazin have?The podcast currently has 338 episodes available.
April 28, 2013D'Gold aus dem Buedem, 28/04/2013D'Gromper als Iesswuer, Exportschlager an Zännseef...Se ass eent vun eise wichtegste Liewensmëttel! D’Gold aus dem Buedem! Am Pisa haut wéi di éischt Gromperen ausgesinn hunn an op d’Kéngen gëfteg sinn. Mir gesi wéi s’an der Wüst Tonne Grompere produzéieren obwuel et hei ni reent. Froen no firwat Grompere-Chips eis süchteg maachen. An de Mister Science test op ee wierklech ëmmer muss eng ganz Gromper planzen....more27minPlay
April 21, 2013Besser vun A op B, 21/04/2013Wéi mir eis beweegen, oder eben net...Dausende Fliger fléien all Dag iwwert eis Käpp. Honnerte Kilometer Schinnen verstoppen sech ënnert eise Stied. An ëmmer méi Autoe blockéieren all Dag de Wee op d’Schaff. Wéi mir eis beweegen oder net huet sech an engem Jorhonnert vill verännert. Mir weisen d’Stad wéi se nach en Tram hat a firwat mer lo en neie brauchen. Fuerscher erklären wéi e Stau entsteet a wat si maachen fir dee Problem ze léisen. De Mister Science test a wéi engem Land se bei gréng am séierste fort kommen an den Olivier mecht eng Course géint e Vëlos-Kurréier....more34minPlay
April 07, 2013PISA - ONENDLECH FRÄI!, 07/04/2013Esou huet een Europa nach ni gesinn!Zuchvullen mussen net seelen e puer dausend Kilometer fléien! Mir begleeden si bei hirer Rees a weisen Europa wéi een et nach ni gesinn huet......more1h 2minPlay
March 17, 2013Super Schlau Déieren, 17/03/2013Verschidden Déieren si vill méi intelligent wéi ee mengt!En Hond fiert Skateboard! E Reiher benotzt Brout fir e Fësch ze fänken! Keaën léisen eng Aufgab un där kleng Kanner sech d’Zänn ausbäissen. An e Schimpans kann eppes dat fir eis onméiglech ass. Déieren sinn ebe méi intelligent wéi ee mengt. Am Pisa de Beweis datt der vill vun hinnen net just hirem Instinkt noginn, mee iwwerleeën ier se eppes maachen. An dobäi gi mir méi wéi eng Kéier vun den Déieren iwwerrascht....more33minPlay
February 17, 2013Verurteelt oder fräigesprach, 17/02/2013Wéi d’Justiz zu Lëtzebuerg funktionéiert.Bei wéi enger Affaire kënnt een op wéi ee Geriicht. Wéi kënnt et zum Prozess. Schléit de Riichter och bei eis mam Hummer op den Dësch. Wee schafft soss um Geriicht. A wéi kann een erausfannen op een d’Wourecht seet oder litt....more31minPlay
January 20, 2013Iwwert de Wolleken, 20/01/2013Um Daach vu Lëtzebuerg an der Welt.Am Pisa kucke mer vun uewen op d’Welt! Mam heechste Gebai dat jee gebaut gouf. D'Fënsterbotzer suergen dobäi fir eng schéi Vue! Den Hotel Room One huet just een Zëmmer. Op 40 Meter. A soll op d‘Musel kommen. Fir d’Sammy sinn héich Gebaier den absolutten Horror. Wat kann ee géint Héichtenangscht maachen. De Mister Science wëll e Weltrekord briechen an den Olivier klëmmt op den RTL Mast zu Housen. Deen heechste Mast hei am Land....more31minPlay
December 02, 2012Wéi wees ee wat ee wees?, 02/12/2012Wéi mir léieren, verhalen, vergiessen.An dësem Pisa fanne mer raus wéi mir u Wëssen kommen. Wéi eist Gehir sech am Laf vun der Zäit entwéckelt. Mir léieren e jonkt Meedchen kennen dat 11 Sprooche schwätzt. De Mister Science beduckst Wikipedia. An den Olivier geet nach eemol an d’Schoul....more31minPlay
November 04, 2012Staarke Kaffi, 04/11/2012Caféine-Doping, Bounen-Weltrees, Déca selwer gemaach! Vill Leit kënnen net ouni Kaffi! Firwat hält de Caféine eis op Trapp? Firwat ass de perfekten Espresso eng Wëssenschaft fir sech? Wou kënnt de Kaffi hir, wéi gëtt en zu Lëtzebuerg verschafft. A wéi gëtt decaféinéierte Kaffi gemaach?...more29minPlay
October 07, 2012Vitamin-Bomm Apel, 07/10/2012E ganze Pisa iwwert den Apel.Firwat ass den Apel sou gesond ? Wéi kann een se iwwer puer Méint halen a wéi ginn Äppel-Chips gemaach ? A wosst Dir datt den Apel mam Bam schwätzt wann en zeideg ass?...more28minPlay
July 01, 2012Friessen oder gefriess ginn, 01/07/2012Op Expeditioun bei de wëllen Déieren!Eng déitlech Hai-Attack. E riskant Spill tëscht Léif a Geier. An eng geféierlech Iwwerraschung aus dem Waasser. Mir weisen wéi di wëll Déieren an der rauer Natur iwwerliewen. Oder eben net....more30minPlay
FAQs about PISA de Wëssensmagazin:How many episodes does PISA de Wëssensmagazin have?The podcast currently has 338 episodes available.