Den nächste Freideg ass nees de Black Friday.
Dësen Dag gëtt et zanter den 1960er Joren an Amerika. Et ass ëmmer den Dag nom Thanksgiving, well d’Amerikaner do d’Bréck maachen. Mëttlerweil ass dëst „Shopping Event“ och bei eis ukomm. Et ass deen Dag, wou ee bal alles fir näischt kritt. A wou een onbedéngt muss zouschloen. Oder och net, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos.