Haut virun 137 Joer, de 7. Mäerz 1884, huet de franséische Prefekt Eugène Poubelle en Offallgesetz fir d’Stad Paräis dekretéiert. An de Stroosse vun der franséischer Haaptstad huet et deemools ganz onhygienesch ausgesinn. De ganzen Dreck aus dem Haushalt gouf einfach zur Fënster eraus entsuergt. De Contenu vum Nuetspotti nach uewen drop. Den Eugène Poubelle huet duerfir per Gesetz ordonéiert, datt all Haus eng Dreckskëscht misst kréien. Dës Këscht krut ganz séier den Numm vu sengem Initiator, an heescht zanter hier „Poubelle“. Beléift huet den Här Poubelle sech deemools net gemaach. An och haut, 137 Joer méi spéit, schéngt nach net jiddereen de Sënn an Zweck vun dëser Këscht agesinn ze hunn, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut.