RTL - Apropos

RTL - Apropos

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

RTL - Apropos episodes

  • Camille Ney: De schwaarze Punkt, 12/09/2021 08:45
    Trauer ass eppes, wat jiddereen anescht lieft: déi eng an der Stëll, déi aner mat méiglechst ville Frënn a Bekannten, ëffentlech oder an der Intimitéit. Faarweg oder schwaarz – déi lescht genannte Faarf, wann et dann eng ass, ass och an de soziale Medien Tromp.
    0 min
  • Camille Ney: Walrecht, 20/06/2021 08:45
    De 6. Juni gouf am däitsche Bundesland Sachsen-Anhalt gewielt. Esou ze soen d’Generalprouf virun der Bundestagswal de 26. September. Dass d’CDU do, entgéint alle Sondagen, mat 37,1% vun de Stëmmen als klore Gewënner ervirgoung ass sécher eng impressionant Zuel, mee et ass net déi, déi dem Camille Ney am meeschten opgefall ass…
    0 min
  • RTL: Mammendag, 13/06/2021 08:45
    Et ass erëm sou wäit. Haut, um zweete Sonnden am Juni, gëtt zu Lëtzebuerg Mammendag gefeiert. Mat Blummen, Knippercher, engem selwer gebastelte Kaddo gëtt d’Mamm verwinnt. Och d’Josiane Hoffmann huet sech a sengem Apropos vun haut e puer Gedanken iwwer Mammendag a Mamm-sinn gemaach.
    0 min
  • RTL: Kaméidi, 06/06/2021 08:45
    Kaméidi am Sënn vun ze haarde Geräischer. Dat kann alles sinn: den Noper, dee seng Wunneng renovéiert, den Hond niewendrun, deen nonstop billt oder Gefierer op Stroossen, déi ee reegelrecht erschrecken, wa se laanscht fueren. D'Marie Gales huet sech doriwwer Gedanke gemaach.
    0 min
  • Christiane Kremer: Positiv!, 30/05/2021 08:45
    Wann ee Wuert an de leschte Méint eng schlecht Connotatioun kritt huet, dann ass et pardoxerweis just dat Wuert, wat vu sech aus genau de Géigendeel wëll soen. "Positiv" versprécht eppes Optimistesches, eppes Guddes. Mä eeben net ëmmer. D'Christiane Kremer probéiert, positiv ze sinn am Apropos vun haut.
    0 min
  • Guy Seyler: Gebuertsdag am Alter, 23/05/2021 08:45
    Hat dir scho Gebuertsdag oder kënnt en eréischt. Egal wéi, ech si mir sécher, datt en – Corona-bedéngt - méi bescheiden ausgefall ass oder nach ausfält, wéi soss. Munch Leit arrangéiert dat, well si et mam George Bernard Shaw halen.
    Dee sot: „Nëmmen en Domme feiert, datt e méi al gëtt“. De Guy Seyler ass där keen.

    0 min

About RTL - Apropos

From the publisher's feed

E puer Gedanke fir den Dag