Ween hat geduecht, datt eng Pandemie an dat och nach am Joer 2020 eis e Stréch duerch d'Rechnung géif maachen. Och wann et wierklech nach ëmmer Mënsche ginn, déi maache wéi keng do wier, ass se awer do, nach ëmmer! Ma spéitstens duerch déi vill Restriktioune fir de Virus iergendwéi awer meeschter ze ginn, ass et och deem Bornéiertsten opgefall, dat eng Urgence ass. Dem Marie Gales maachen sou Reegelen näischt aus, ganz am Contraire souguer.