Nieft Léieren, Tëlee, Computer an Handy kucken an och mol trëppele goen, kéint een natierlech och seng Nues mol an e Buch stiechen. Fir eis kleng Nolauschterer wier dat elo deen Ament fir d'Bicherwelt nees nei ze entdecken. 2 Bicher hu mir direkt fir Iech mat derbäi an deene mir ganz léiwen a sympathesche Personnage begéinen: enger Pissblumm an enger Maus. D’Bea Kneip stellt Iech d’Pisslitti an d‘Minimaus vir.