Fir hiren Débutroman huet déi 31jähreg franséisch Auteurin Victoria Mas sech en nawell schwieregt Thema erausgesicht : d’Zwangsaweisung vu Fraen am 19. Joerhonnert an d’Spidol «Salpétrière », dat deemools bekanntst «Geckenhaus» vu Paräis. Datt hei net nëmme Patientinnen, déi geeschteg krank ware behandelt, mä och Meedercher a Fraen ageliwwert goufen, déi vun hire Männer oder hirer Famill verstouss wore, well si en Obstakel an där hirem Liewe waren, a wat deenen hiert bedauernswäert Schicksal wor.