Et ass gewielt, d'Koalitounsverhandlunge lafen, déi déi verluer hu lecken d'Wonnen a froe sech wat se falsch gemaach hunn.
Vu ville Säite gouf op d'CSV an op d'LSAP geschoss. Déi traditionell Volleksparteien hu jo Plomme gelooss an e Renouveau deen néideg ass schéngt evident.
Ganz séier gouf do op déi "al Huese" geklappt, déi Mat-Schold wieren, well se net géinge réckelen.
De Pit Everling freet sech wou d'Parteien dann ouni dës "al" Politiker wieren?