Haut an 12 Deeg ass den ominéise 14ten Oktober, de Walsonndeg. Eng Dosen Deeg Zäit also nach fir d’Politiker am Land Walkampf fir sech an hir Partei ze maachen. Mä vun engem richtege Walkampf si mer dës Kéier Liichtjoren-wäit ewech, mengt de Joël Detaille an engem Commentaire.
Zënter der Finanzkris vu virun 10 Joer huet sech an de Bankaktivitéiten trotz allem dach villes zum Gudde geännert. Esou gëtt ëmmer méi Wäert op Nohaltegkeet geluecht a manner op héich spekulativ a riskéiert Finanzinstrumenter. An an deem Sënn entwéckelt sech elo eng Finanzaktivitéit déi sech "Impakt Investment" nennt an déi als Zil huet e prezisen Impakt ze bewierken do wou dat Geld investéiert gëtt. Michel Maquil, fräie Finanzberoder a fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse.
D’Englänner si komescher. Mat där virgefaasster Meenung huet de Guy Seyler seng Vakanz op der Insel ugetrueden. Wéi hien erëm koum, huet hien dat anescht gesinn.
De Logementsproblem ass ganz sécher ee vun de ganz grousse Wahlkampfthemaen zu Lëtzebuerg am soziale Beräich. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.
Mir sinn an der Halschent vun der offizieller Walcampagne. Déifgräifend inhaltlech Ausernanersetzungen gouf et der bis ewell éischter wéineg. D'Walcampagne 2018 ass bis elo duerch aner Saachen opgefall. An déi loossen engem d'Schudderen de Réck erof lafen. E Commentaire vum Claude Zeimetz.
D’Opdeelung vun onsem klenge Ländchen a véier Walbezierker, déi elo 99 Joer al ass, ass an der mobiller Welt vun haut iwwerholl. Dat mengt de Fernand Fehlen, ee vun de Pionéier vun der Walforschung zu Lëtzebuerg.
Eng Branche stécht an der Kris. Spéitstens zënter dem Diesel-Skandal. Mee och scho virdrun. Den Automobil gëtt ëmmer méi immobil. E puer Gedanken dozou vum Roland Kalté:
D'Politik stellt d’Weiche fir d‘Gesellschaft vu muer. Wa Wale sinn, ginn déi verschidde Visioune vun den Parteien fir eis Zukunft diskutéiert. Do geet et ënner anerem ëm d‘Zesummeliewen an eisem Land – Lëtzebuerger, Net-Lëtzebuerger a Frontalieren. Eng Carte Blanche vun der Laura Zuccoli.