RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

All RTL - Carte Blanche episodes

  • Commentaire, 18/09/2018 07:45
    Commentaire 180918:

    Uso:

    Spéitstens muar, wann an alle Lycéeë vum Land den Eescht vum Liewen nees ufänkt, huet eis de komplette ganz normale Wahnsinn erëm: Et ass Rentrée!

    Eng Rentrée, déi dëst Joer awer e bësse méi anormal ass wéi déi Jore virdrun, op d'mannst zum Deel, fënnt den Eric Ewald de Moien a séngem Commentaire:
    0 min
  • Commentaire, 13/09/2018 07:45
    Um Enn war et nawell knapp, ma d'Petitioun 1069 huet et gepackt. 4661 Leit hunn hir Ënnerschrëft gemaach, si wëlle kee bloen Damp méi op Restaurants-terraassen.  
    D'Signatairen dierften duerchootmen, si kréien hiren Débat an der Chamber, dem Pit Everling stéisst déi ganz Diskussioun e bësse sauer op.
    0 min
  • Commentaire GROTZ: Walk(r)ampf, 11/09/2018 07:45
    Mat der Rentrée um Radio gouf gëscht parallel d'Wahlcampagne agelaut - an e Summerlach wéi soss alt Joeren ware mer iwwert déi läscht Wochen net gefall - duerfir hu sougenannt "Bottom-Up-Politiker" vun der besonnescher Zort gesuergt...eise Chefredakter Roy Grotz fënnt dat "Spill" vun deene Leit alles wéi net lëschteg...
    0 min
  • Carte Blanche, Alain Wagner , 13/07/2018 07:50
    De Premièresexamen 2018 war deen éischten, deen an enger ofgespeckter Form  duerchgefouert gouf. D’Schüler hunn net méi missen all Fächer mat an den Examen huelen. Eng Neierung, déi engersäits novollzéibar ass, anerersäits awer och fundamental Froen opwërft. Dozou eng Carte blanche vum Alain Wagner, Franséischproff am Stater Kolléisch.    
    0 min